1906 landwirtschaftlech Betriber ginn et hei am Land. Wat se produzéieren a wéi se hier Produite vermaarten ass ganz ënnerschiddlech. Eng relativ nei Aart a Weis vun der Produktioun a Vermaartung ass déi solidaresch Landwirtschaft, SOLAWI genannt. Et ass eng alternative Form vun der Direktvermaartung, bei där sech de Konsument wärend enger Saison verflicht d’Recolte am viraus ze bezuelen an och ofzehuelen. Haut léiere mer de Jeff Weydert kenne fir den d’SOLAWI eng wichteg Roll um Haff spillt, Isabelle Henschen.

15/10/2020 Regional a Saisonal: Jeff Weydert

De Jeff Weydert ass zu Uesweller um Haff opgewuess, huet sech dunn entscheet Ekonomie ze studéieren. Nom Studium huet et hien an d’Welt vum Liewensmëttelhandel gezunn, éier e virun 4 Joer de Familljebetrib iwwerholl huet. Wéi all Produzent steet hie virun der grousser Erausfuerderung säi Betrib rentabel ze féieren. Dobäi setzt hien op verschidde Standbeen a verschidde Vermaartungsformen.
 
Angusfleesch, Geméis, Hunneg an Eeër gehéieren zu de Produiten, déi hien verkeeft. Beim Geméis setzt hien net just op 1 oder zwou Varietéiten, iwwer 20 verschidde Geméiszorten a Kraider baut hien un. Dobäi setzt hien op déi solidaresch Landwirtschaft. Hien dréit d’Verantwortung an d’Käschten fir de Gaart net eleng , mee gëtt vu senge Clienten ënnerstëtzt. 
 
Sou kréien d'Konsumenten rëm en Abléck an d’Liewensmëttelproduktioun an hien als Produzent hält de Kontakt mat de Clienten. Fir de Jeff Weydert war et e Beruffswiel, vum Bürosjob zeréck an de Stall a Gaart. Eng Erausfuerderung, déi hien awer mat vill Spaass verbënnt.
 
Hien huet seng Nische fonnt, setzt op Selbstvermaartung an den enken Kontakt mam Konsument.