Mëllechbetriber hunn zu Lëtzebuerg eng laang Traditioun. Virun allem d’Koumëllech, ma hei am Land gëtt och Schof- a Geessemëllech produzéiert. Déi eng Betriber ginn d’Mëllech weider an d’Industrie, anerer verschaffe se direkt op hirem Haff. Sou mécht dat och den Daniel Baltes. 2006 huet hien op sengem Haff ugefaange Geessekéis ze produzéieren. Isabelle Henschen.

16/10/2020 Regional a Saisonal: Daniel Baltes

14 Joer ass et hier, dass den Daniel Baltes sech entscheet huet d’Geessemëllech direkt op sengem Haff zu Kéis ze verschaffen. Eng Aventure, wou hien net direkt wousst ob se wäert Erfolleg hunn. Haut produzéiere si an der klenger Kéiserei vill verschidden Aarte vu Geessekéis, verkafen se a klengen Epicerien an a ville verschiddene Supermarchéen. Ma sinn eis regional Produiten da konkurrenzfäeg géigeniwwer deenen déi importéiert ginn? Eng Fro, déi ee mat Jo ka beäntwerten.
 
1991 huet hien ugefaangen um Bauerebetrib ze schaffen. Ee vu senge Kanner wäert de Betrib duerno weider féieren. Den Daniel Baltes huet seng Nische fonnt a mengt, dass an Zukunft nach aner Betriber sech fir dëse Wee wäerten entscheeden. 
 
Als Bauer a Liewensmëttelproduzent muss hie sech wéi en Entrepreneur ëm alles këmmeren, vun Ufank bis Schluss, dass de fäerdege Produit och wierklech an de Regaler lannt. Déi gréissten Erausfuerderung wier dobäi eng konstant Qualitéit ze liwweren. Säin Beruff ass mat villen Aufgaben verbonnen, ma grad déi maachen him Spaass.
 
Hien huet an de leschte Joren d’Gefill kritt, dass d’Lëtzebuerger Regional a Bio Produiten wäertschätzen an och ënnerstëtzen.