Se ginn an der Nuecht gedroen, esou dass een am Dag keng Kontaktlënsen a kee Brëll muss undoen. Wat brénge se wierklech? En Interview mat engem Aendokter.

Wien am Dag kee Brëll oder keng Kontaktlënsen méi wëllt undoen, dee ka jo eventuell op Nuetslënsen zeréckgräifen. Dat ass u sech näischt Neits, an de leschte Joren awer an de Vergiess geroden. Owes ginn dës Lënsen an d'Aen gesat. Si sollen d'Vue iwwer Nuecht korrigéieren. Den Dr Marc Theischen, Ophtalmologue, erkläert ewéi dat funktionéiert:

21/10/2020 Nuetslënsen 1

Deet een déi haart Lënsen moies aus, gesäit een also erëm kloer. Deen Effekt hält awer nëmmen e puer Stonnen un, jee no Mënsch variéiert dat. Bei der Operatioun ass et fir ëmmer.

21/10/2020 Nuetslënsen 2

© Pixabay

Wann ee sech fir d'Nuetslënsen décidéiert, muss een awer op e puer Saachen oppassen. Virun allem op Infektiounen oder Verletzungen vun der Hornhaut.

21/10/2020 Nuetslënsen 3

 Iwwregens kënne net all Feelsiichtegkeeten mat Nuetslënse behandelt ginn. Wäitsiichtegkeet geet ganz schlecht domatter, Kuerzsiichtegkeet an Hornhautverkrëmmung nëmme bis zu engem gewësse Grad. Frot am Beschten Ären Aendokter.

© Pixabay