U sech ass et dat Normaalst vun der Welt seng Hänn reegelméisseg a grëndlech ze wäschen. Wéinst der massiver Verbreedung vum Covid-19 gëtt allerdéngs recommandéiert, d'Haut mindestens 20 Sekonne laang anzeseefen an dat sou dacks wéi méiglech. Nëmmen esou kéint ee sech effikass géing Infektiounskrankheete schützen. Dobäi kënnt nach, dass ee seng Hänn och desinfizéiere soll, dat virun allem wa wäit a breet kee Lavabo a keng Seef ass.

22102020 Drechen Haenn Esou gi se nees douce

Knapps d'Hänn desinfizéiert a well rëm eppes ugepaakt an Zack geet d'Prozedur erëm vu vir lass. Dotëscht gëtt dann och nach mat Waasser a Seef kräfteg geschruppt an dat x mol am Dag. Dass dat zwar alles gutt fir d'Gesondheet ass, ass keng Fro, mee fir eis Hänn sinn dës Moossnamen awer eng héich Belaaschtung. Dat gesäit een drun, dass d'Haut Rëss kritt ginn an ufänkt ze krazen an ze picken. Wann Är Hänn awer bis kënnen de Schläifpabeier doheem ersetzen, spéitstens da gëtt et Zäit ze handelen!

Et ginn direkt e puer Tipps wéi Dir Är Hänn optimal schütze kënnt. Ugefaange mat enger Seef mat hautneutralem Ph-Wäert. Alles anescht entzitt der Haut Fiichtegkeet a Fett an dann hutt Dir de Misär!

Ma och en Handbad kann dréchen Haut stäerken a léisst sech ganz liicht doheem selwer maachen. Dofir braucht Dir just eng grouss Schossel, e Liter Mëllech a 4 Iessläffel Olivenueleg. D'Mëllech gëtt gewiermt a mam Ueleg an der Schossel gemëscht an dann heescht et 10 Minutten d'Hänn dranzappen. Dat ganzt berouegt net nëmmen d'Haut mee soll niewebäi och nach d'Neel stäerken.

Alternativ kënnt Dir och wotlecht Waasser mat engem Kamillentéi a Jojoba- oder Mandelueleg benotzen.  

Och e Peeling versprécht douce Hänn. Dee léist sech iwwregens och ganz simpel doheem maachen: 5 Iessläffel Miersalz an engem gudde Schoss Olivenueleg gi well duer fir lasszeleeën. Zocker an Hunneg ginn och. Deen huet de Virdeel dass en d'Haut besonnesch douce mécht an en plus nach géint Entzündunge wierkt. 

Crème an Ueleg zéien iwwregens iwwer Nuecht am beschten an. Vun dohier ass et net vu Muttwëll seng Hänn virum Schlofe goen deck mat enger Handcrème, Oliven- oder Avocadoueleg anzecrèmen a fir dass dat ganzt net herno méi am Bettgezei wéi op Ären Hänn pescht, soll Dir idealerweis Kottengshändchen undoen.  

Nieft all deene klenge Schéinheetstipps spillt awer och déi richteg Ernierung, wéi sou dacks am Liewen, eng grouss Roll. Vitaminne liwweren der Haut déi néideg Energie fir net auszedréchnen. Ma virun allem frëscht Uebst awer och Geméis wéi Wuerzelen, Paprika oder Tomate si Gold wäert. A natierlech soll een och drun denken ëmmer genuch ze drénken, dat ass wuel nach déi beschte Viraussetzung fir eng douce an hydratéiert Haut!