Haut de Moien huele mer iech mat op eng Entdeckungstour duerch d'Baggerweier­en am Haff Réimech. Wéi sinn di Weier entstanen, firwat ass et en Naturschutzgebitt, a wie lieft hei iwwerhaapt? Equipéiert mat deene Froen an der Spektiv an dem Fotoapparat am Rucksak, huet sech de Moien d'Michèle Schons op de Wee gemaach.

30102020 Biodiversum 2

© miSchons Photography

© miSchons Photography

© miSchons Photography

De Biodiversum ass aktuell och nach weider op, just mat liicht reduzéirertem Programm a méi klenge Gruppen an ënnert dem Respekt vun deenen néidege sanitäre Mesuren. D'Diere ginn um 10 Auer op an hunn an der Hierscht/Wantersaison bis 5 Auer op.