Haut de Moien hate mer iech matgeholl, op eng Plaz, do sollt een sech Zäit huele fir alles ze kucken an z'entdecken. Hei léiert een net nëmmen d'Natur verstoen, mee et kann een se och nach richteg genéissen. Riets geet vum Haff Réimech, dem Naturschutzgebitt an sengem Biodiversum, wou eis de Responsabel vum Zentrum an dem Volet Pedagogique, de Steve Jungen méi verroden huet:

30102020 Best of - Biodiversum 1

30102020 Best of - Biodiversum 1

© miSchons Photography

Firwat den Haff Réimech en Naturschutzgebitt ass, a wien iwwerhaapt alles hei lieft, dat hu mer vum Rainer Schubert héieren, hien ass Responsabel fir d'Gestioun vum Terrain:

30102020 Best of - Biodiversum 2

30102020 Best of - Biodiversum 2

© miSchons Photography

D'Baggerweiere sinn d'Haaptattraktioun vum Naturschutzgebitt Haff Réimech, déi waren allerdéngs net ëmmer do, a ware bis an d'19 Joerhonnert der Natur iwwerlooss, iert gebaggert gouf, nach emol de Steve Jungen:

30102020 Best of - Biodiversum 3

30102020 Best of - Biodiversum 3

© miSchons Photography

De Biodiversum ass aktuell och nach weider op, just mat liicht reduzéirertem Programm a méi klenge Gruppen an ënnert dem Respekt vun deenen néidege sanitäre Mesuren. D'Diere ginn um 10 Auer Moies op an hunn an der Hierscht/Wantersaison bis 5 Owes op. Dem Michèle seng Fotoen aus dem Biodiversum am Haff Réimech, an och déi zwee aner Reportagen, fir nach emol eranzelauschteren, fannt der online bei eis op rtl.lu