Ëmmer méi dacks héiert een vu Lëtzebuerger déi bei auslänneschen Castingsendungen mat maachen an et dann duerno och relativ weit packen. E Sonndeg konnt een op Pro7 de George Philippart bei senger Aventure ,,The Voice 2020'' suivéieren. Dräi Still hunn sech um Enn ëmgedréint an elo geet et drëms déi nächst Ronnen ze packen. Nieft der Musek, huet awer och d'Geschicht vum George dausende Leit virun der Tëlee beweegt. Dem Loïc Juchem huet hien se verzielt.

23-10-2020 George Philippart bei The Voice of Germany

De George Philippart huet säin Optrëtt bei ,,The Voice'' zu engem groussen Deel fir sech selwer gemaach, ma wëll awer eng gewësse Virbildfunktioun anhuelen a Leit motivéieren déi sech net wuel an hirer Haut fillen. De George war nämlech fréier d'Sabrina Gerard, eng Fraa déi sech net wuel an hirem Kierper gefillt huet. Eng Erklärung dofir huet de George laang net fonnt, bis eng Ekipp vun Dokteren him vum Begrëff ,,Transgender'' erzielt huet. No an no huet hien sech ëmmer méi fir dëst Thema interesséiert an huet sech dunn um Enn fir eng Geschlechtsëmwandlung decidéiert. D'Geschicht huet hien och op der dätscher Tëlee erzielt, besonnesch ass och, datt hien 2015 nach als Sabrina bei ,,The Voice'' opgetrueden ass. Elo huet hien sech awer fir e Liewen als Mann entscheet, dësen rezenten Optrëtt hat also eng besonnesch Bedeitung.

George Philippart:

,,Et war aneschters fir mech perséinlech, och well ech mir quasi selwer eng Konkurrenz duergestallt hunn, mengem ,,fréieren Ech''. Ech empfannen dat heiten wierklech als ,,Meng-Kéier''. 2015, dat war net wierklech Ech. Do waren nach vill aner Saachen déi mech ofgehalen hunn vun dem wat ech eigentlech hätt kéinten weisen, lo war ech vollkommen Ech op der Bün. Dorops bezunn, war ech schonn einfach mega zefridden. Et war fir mech einfach e Schratt deen néideg war.''

Hien hätt sech gewënscht, datt et fréier och scho Leit gi wier déi hier Geschicht esou no bausse gezielt hätten, vläicht hätt hien dëse Schratt dann och schonn éischter gemaach. Fir säi Courage gouf hien an de leschten Deeg och vill iwwer Social Media gelueft.

 

Et fält dem George net einfach iwwert dat ze schwätzen, wat an de leschte Joren a Méint geschitt ass an awer kann hien dat net einfach esou verdrängen. Optesch gëtt et de George eréischt zanter knapp engem Joer, dat wat virdrun alles geschitt ass, kéint hien dowéinst och net einfach verdrängen. D'Erënnerungen un den Optrëtt 2015 bleiwen an awer...

 

George Philippart:

Et ass alles verschwommen. Wann ech meng Stëmm vun fréier lauschteren, net nëmmen meng Gesangsstëmm, och meng Schwätzstëmm, dat klengt guer net sou wei ech. Dat ass bëssen drôle. Eigentlech wann ech drun denken ass alles sou vague, ech weess dass d'Team deemools mega cool war, och wei dëst Joer. Ech hunn no baussen och ganz anescht gewierkt, soen mer mol sou.

D'Musek ass fir de George nach ëmmer eng grouss Passioun. An hie wënscht sech fir d'Zukunft och weiderhi kënne franséisch Chanson'en ze sangen, egal op a klengem Format op Youtube oder op der grousser Bün. Wéi dem George seng Zukunft bei ,,The Voice'' ausgesäit wësse mer nach net, ma den Optrëtt vun e Sonndeg huet scho mol grouss Welle geschloen. An sou huet et sech fir hien ugefillt.

George Philippart:

,,Also ech stoung do an ech hunn mer déi ganzen Zäiten d'Aen zougehalen. Wou ech se eng Kéier opgemaach hunn, hunn ech geduecht: ,,ohh Merde lo ass de beschte Moment eriwwer an et huet sech keen ëmgedréint.'' Dunn hunn ech mer am Kapp scho meng eege Ried preparéiert fir mech selwer ze tréischten.''

De Mark Forster, Nico Santos an och d'Team Stefanie an Yvonne hunn sech an der leschter Sekonn ëmgedréint. Bei dësen zwou Damme geet dem George seng Aventure elo och weider. Et dierft ee gespaant sinn a mer drécken op alle Fall fest d'Daumen.