Den 19ten November gi mer gewuer wéi eng Bicher an Auteuren dëst Joer de Lëtzebuerger Buchpräis mat Heem huelen. Nieft de Gewënner an den eenzelne Kategorien gëtt awer och e Publikumspräis verginn. An do kënnt Dir matschwätzen! Aus deenen 10 Bicher déi op de respektive Shortlëschte stinn, kënnt Dir Äre Favorit eraussichen. Wéi eng 5 Bicher an der Kategorie Literatur an d'Course ginn, dat verréit Iech elo d'Bea Kneip.

29/10/2020 Buchpräis 2020: D'Shortlist an der Literatur

Déi 5 Bicher aus der Kategorie Kanner a -Jugendbuch hate mir Iech schonn en Dënschde virgestallt, bei de Sachbicher gëtt et dëst Joer keng Shortlist. De Grond: et sinn net genuch Wierker agereecht ginn. Och do wäert et awer e Gewënner ginn, deen den 19ten November bei der Zeremonie an der neier Nationalbibliothéik ausgezeechent gëtt. 

 D'Membere vum Jury, dat sinn dëst Joer d'Journalistin Josée Hansen, d'Martine Mathay aus der BNL, den Tim Reuter aus dem CNL, d'Grafikdesignerin Babeth Neiers an de Schrëftsteller Roland Harsch. 
Ënnert deene 5 Finalisten an der Kategorie Literatur fënnt een zum Beispill "La Quête" den Débutroman vun dem 21 Joer jonken Antoine Pohu mat dem hien den nationale Literaturconcours gewonnen huet. Erzielt gëtt déi fantastesch Rees vun 2 Weesekanner an engem fiktivem Universum iwwerdeems gläichzäiteg de Schrëftsteller zu Wuert kënnt deen sech hir Geschicht ausgeduecht huet.
"Die Mutationen" vum Francis Kirps brauch ee wuel net méi virzestellen. Dësen Erzielband, deen dëst Joer net nëmmen de Servais-Präis, mä och den Europäesche Literaturpräis krut, baséiert op Texter aus der Weltliteratur déi de Francis Kirps op seng ganz eege Manéier nei verschafft huet.  
"Zeeechen" ass eng Zesummenaarbecht tëscht dem Schrëftsteller Samuel Hamen an dem Kënschtler Marc Angel. 3mol zwou geschichten iwwert eng Jugend zu Lëtzebuerg an den 90er an nuller-Joren gi vu den Auteuren all Kéiers op hir Manéier erzielt an interpretéiert, als Prosatext oder als BD. 
Eng Kandheet zu Téiteng an de 70er Joren erzielt d'Carla Lucarelli an "Enfance instantanés-à l'aube de la mémoire". Momentopnahmen,Biller déi heiansdo flou an heiansdo gestache schaarf sinn, déi méi oder manner präsent sinn, dofir awer ëmmer relevant fir d'Erfahrunsgwelt vun deem jonke Carla Lucarelli. 
De Pierre Joris kritt dëst Joer de Batty Weber Präis. Säin neit Buch "Fox trails, -tales & -trots" ass eng Hommage u Lëtzebuerg vun engem Schrëftsteller deen de gréissten Deel vu sengem Liewen am Ausland verbruecht huet, dovun alleng déi lescht 30 joer zu New York. An deeene Gedichter a Prosatexter déi hien an dësem Buch regroupéiert huet, ass de Fuuss ëmmer präsent, an all senge reellen a literareschen Inkarnatiounen.   
Eng ganz breetgefächert Selektioun deemno, aus der d'Lieser selwer hire Favorit fir de Publikumspräis eraussiche kënnen. Weider Detailer fannt Dir op rtl.lu