Et ginn jo 2 Deeg am Joer zu Éiere vun de Männer. Dee vum 19. November, den Internationale Männerdag an dann dësen um 3. November, de Weltmännerdag. De lescht genannte gouf virun allem agefouert fir dass sech d'Hären hirer Gesondheet bewosst solle ginn. Et ass zouzesoen en Aktiounsdag, de ''Men's World Day'', dee vun den Androloge vun der Universitéit Wien an d'Liewe geruff gouf. Virun 20 Joer gouf dësen vun der Michael Gorbatschow-Stëftung, der Stad Wien, der Medical Connection an de Vereenten Natioune fir eng éischte Kéier an de Mëttelpunkt gestallt.

03/11/2020 Weltmännerdag 3

Männer zéie sech fir bei den Dokter ze goen, vill méi wéi elo d'Fraen, dat kann och den Dokter an Urolog Sandro Giacchi confirméieren.
Männer sinn dach méi zéi d'Dammen, ma et géif awer en Ëmdenke ginn. Dat géif ee gesinn, Männer kommen éischter vu sech aus an d'Vorsorge. Dat wier och dem Internet an der der ganzer Informatioun ze verdanken. Ëmmer manner Angscht besteet an et géif méi oppe mam Dokter geschwat ginn. Vorsorge heescht jo ouni Symptomer bei säin Dokter ze goen an dat ass fir Männer net ëmmer sou einfach.

Also et muss net ëmmer wéi doen, éier ee sech mol beim Dokter weist. Méi no sech kucken, kann och ee vun de ville Grënn sinn, firwat dat weiblecht Geschlecht méi laang lieft. An dobäi komme Männer guer net ze kuerz beim Dokter. Wat fir d'Dammen d'Gynekologie ass, ass fir d'Männer d'Andrologie, e Spezialgebitt an der Medezin, bei deem et ëm d'Fortplanzungsfunktioune vum Mann geet. An do wiere mir bei der Prostate.
Prostata ass en Organ, dat beim Mann ënnert der Blos läit a sou grouss wéi eng Käscht ass. Et ass näischt aneschtes wéi eng Drüs, gëtt och Vorsteherdrüse genannt. Et ass eng Drüs, déi wichteg ass fir e Sperma ze schützen, fir dem Sperma Flëssegkeet bäizeginn a wichteg ass fir d'Fecondatioun. Si ass schonn s bei der Gebuert do a wiisst mam Alter. Am Alter ka se duerch d'Wuesse Probleemer maachen, beim Waasserloossen, si läit jo ënnert der Blos an ëmmantelt déi éischt Partie vun der Harnröhre. Eng 2. Problematik vun der Prostata ass de Prostatakriibs, deen och kann entstoen a keng Symptomer mécht.

Tëscht 40 a 50 Joer soll een dach ufänke fir sech kontrolléiere loossen, fir kleng Boboe aus dem Wee ze goen an och Grousser guer net opkommen ze loossen. Wéi de Prostatakriibs, deen déidlech kann ausgoen. Mä wann e méi fréi erkannt gëtt, kann ee e gutt behandelen. An dofir soll ee bei den Dokter goen. Wien elo denkt, just Männer géif ee beim Urolog gesinn, deen iert sech..nach emol de Sandro Giacchi.
Den Urolog behandelt d'Krankheeten a Pathologie vum urinäre System, dat fänkt bei der Nir un a hält bei der Blos op. Beim Mann kuckt hien och d'Geschlechtsdeeler, bei de Fraen ass dofir de Gynekolog do. Mä och Frae gi bei den Urolog, wa si Probleemer hu beim Waasserloossen, mat Niresteng, mat Blosenentzündungen oder der Inkontinenz.