Nach ëmmer ass e Schlag déi drëttheefegst Doudesursaach. Haut um 29. Oktober ass den internationalen Dag vum Hiereschlag, en Aktiounsdag wou net nëmmen d'Bewosstsinn fir d'Thema geschäerft-, ma och iwwer Preventioun a Behandlung informéiert soll ginn. D'Chantal Keller, Presidentin vu Blëtz asbl, der Associatioun déi Betraffenen hëlleft, war selwer am Fall, wéi si viru Joren an enger Vakanz op eemol en Hiereschlag gemaach huet.

29/10/2020 Dag vum Schlag 1

Derbäi koum nach dass d'Chantal Keller kuerz virum Hiereschlag och en Häerzinfarkt hat, an och do d'Symptomer net direkt an Uecht geholl huet.

E Glas war hir den Dag virdrun aus der Hand gefall an si hat Problemer mam Mo, wou se sech näischt derbäi geduecht huet. Den Dag drop huet se dunn den Hiereschlag gemaach.

Wéi de Blëtz hat et d'Chantal Keller getraff an op eemol war hiert d'Liewen net méi dat selwecht. Déi liewensfrou Fra, déi virdru vill Kannerbicher geschriwwen huet, konnt net méi schwätzen, net méi liesen, net méi schreiwen an huet bei Null missten ufänken. No engem ganz laange Wee hëlleft si haut mat hirer Associatioun Blëtz de Betraffenen a probéiert hir positiv Liewensenergie weiderzeginn.
Fakt ass dass all Dag 4 Leit en Hiereschlag maachen, dofir ass et ëmsou méi wichteg ze wëssen wou een déi richteg Informatiounen an Hëllef fënnt, dass d'Liewen och no esou enger tragescher Situatioun nees weidergoe kann.
Haut ass den Dag vum Hiereschlag, a mir ginn haut ënnert anerem op d'Associatioun Blëtz méi am Detail an a kucke wat u Preventioun géint Hiereschlag alles wichteg ass, an och wéi een erkennt wat an esou engem Fall lass ass an direkt handele kann.