Hei am Land kréien an der Moyenne all Dag véier Persounen en Hiereschlag. Am Kader vum Weltdag vum Hiereschlag sinn dës Woch och eng Partie Sensibiliséierungs-Campagne geplangt. De Moien hu mer mam Chantal Keller geschwat, déi eis verroden huet wéi si en Hiereschlag selwer erlieft-, an hiert Liewen dono bei Null ugefaangen huet. Si huet virun enger Rei Joren d'Associatioun Blëtz gegrënnt, déi de Betraffene Riet an Äntwert steet, wann se an esou engem Fall sinn.

29/10/2020 Dag vum Schlag 2

Am Fall vun engem Schlag sinn nämlech gewëssen Zeechen a Symptomer déi een direkt erkenne kann, wéi zum Beispill, eng Gesiichtslähmung, dass de Mond op enger Säit erofhänkt, dass een d'Äerm net méi an d'Luucht kritt, oder Problemer mat der Aussprooch a mam Schwätzen huet. An deem Fall sollt ee keng Zäit verléieren an esou séier wéi méiglech den 112 ruffen.
D’Corona-Pandemie an d’Precautiounen, déi hu misse geholl ginn, riskéiere bei anere Kranken zu sougenannte Kollateralschied ze féieren. Besonnesch am Fall vun engem Hiereschlag ass dat nach méi en Desaster, well hei all Minutt déi verluer geet ass Liewenswichteg ass an am anere Fall Schiet entstoe kënnen déi irreparabel sinn. D'Leit vun der Rettungsequipe kënnen sech och direkt mat engem Spidol a Verbindung setzen, esou dass all néideg Mesuren a Precautioune getraff ginn, fir esou séier wéi méiglech ze handelen.

Haut schwätze mer iwwert den Dag vum Hiereschlag, a ginn ënnert anerem gewuer, wat d'Associatioun Blëtz am Kader vun der Preventioun mécht, a wéi een Hëllef kritt wann eng Persoun betraff ass.