Den Hiereschlag ass net nëmmen déi drëttheefegst Doudesursaach, ma och déi heefegst Ursaach fir Behënnerungen am Erwuessenenalter. Munch Suite géingen sech evitéiere loossen, wann de Betraffenen oder och säin Entourage richteg reagéiert.

29/10/2020 Dag vum Schlag 3

D´Chantal Keller huet virun enger rei Joren d'Associatioun Blëtz gegrënnt, wou Leit déi en Hiereschlag haten, Hëllef fannen, fir hiert Liewen dono nees an de Grëff ze kréien. Net nëmme wëll si domat e Stéck Hoffnung a Liewensenergie weiderginn, ma och preventiv virgoen a Sensibiliséieren.
Och d’Claudine Muno ass duerch e Fall an der Famill selwer mam Thema Hiereschlag konfrontéiert ginn. Si huet fir Blëtz e Lidd geschriwwen, fir dorop opmierksam ze maachen, wéi et Mënschen no engem Schlag geet, wann d’Wierder bemol net méi esou einfach kommen.
Nieft ganz wäertvollen Informatiounen zum Thema Preventioun, fënnt een um Site vun der Associatioun och nach vill nëtzlech Tipps wéi ënnert anerem Konferenzen, Lauschterbicher oder och Lektür, a Videoen.