Ob mir wëllen oder net ass een Thema de Moment omnipresent an de Medien, awer och am normale Liewen, an dat ass de Covid-19. Elo soll ee sech natierlech och net geckeg maachen mat all deenen Noriichten, déi do quasi am Minuttentakt openeeen abriechen. Mir recommandéieren dofir den neie Podcast ''Wellebriecher'' vum Marie Gales a Pierre Weimerskirch. Et ass quasi d'Suite vum Podcast Exit! An elo? wou de Pierre sech scho mat Dokteren a Wëssenschaftler ënnerhalen huet.
Och a senger Fräizäit informéiert den RTL Journalist sech a schreift alles néier a sengem privaten Blog. D'Marie huet hien e Mëttwoch doheem kontaktéiert an drop ugeschwat wéi wichteg et ass dass jidder eenzelen elo seng Responsabilitéit hëlt.

30-10-2020 Podcast Wellebriecher (17h10)

D'Marie Gales wäert dem Pierre vun elo un all Mëttwoch Froe am Podcast Wellebriecher stellen, an dat uschwätze wat wichteg ass oder gëtt. An 30 Minutten ass een da kompakt informéiert iwwer de Wëssensstand vun deem Ament.