Allerhellegen passt bei déi däischter Joreszäit. Do wou d'Beem hir Blieder verléieren an et dacks och schonn niwweleg derbäi ass. Et kéint ee sech en Allerhellegen awer och net matzen am Summer virstellen, wou et waarm ass, an een net mam décke Mantel op d'Griewer geet. d'Traditioun ass duerch Corona awer komplett anescht well d'Griewer net wéi gewinnt, a Presenz vum Public geseent ginn, a nawell ginn um Märeler Kierfecht d'Griewer de Moment geschruppt an dekoréiert.

30-10-2020 Allerhellege steet virun der Dier (2)

E Sonndeg ass Allerhellegen, an do wäerte mir de ganzen Dag um Radio u Leit denken déi eis verlooss hunn. Vill bekannten Nimm déi engem eppes soen, an déi een aus de Medien kennt, national an international, an déi elo net méi do sinn.