Wann et dobaussen ongemittlech ass, stiermt a reent, da gëtt et näischt Besseres wéi e waarmen Téi, Kaffi oder e Schocki. Dee kann een esou richteg genéissen, sech opwiermen an seng Sënner erfreeën. Mee ouni dat Wuelgefill elo wëllen ze zerstéieren: D'Produktioun vum Kakao ass net esou genësserlech an dacks onfair. Wärend déi eng nämlech décke Gewënn domat maachen, verdéngen d'Kakao-Bauere kaum genuch fir dovunner liewen ze kënnen, Michèle Schons?

16112020 Kakao - Gedrenks fir Kinneken

Wie gutt Aarbecht mécht, dee sollt och fair bezuelt ginn. Dat ass an eise Géigende gréisstendeels normal. Ma bei ville Produiten, déi am Ausland hiergestallt ginn, ass dat net de Fall. Bekannte Beispiller gëtt et an der Textilindustrie, bei der Produktioun vu Kaffi, an eben och beim Kakaoubau. Virop dofir d'Fro un d'Claudia Brück vu Fairtrade Däitschland: Wéi fair leeft dann eigentlech d'Kakaosproduktioun of?

„Kakao wird entlang des Äquators in Westafrika, Lateinamerika, in Asien angebaut. Und der Anbau ist hart und unter schwierigen Bedingungen. Es sind Schoten, die an Bäumen wachsen und die mit der Machete abgeschlagen werden. Die Schoten werden geöffnet, die Kakaobohnen werden herausgenommen, diese werden fermentiert und dann werden sie getrocknet, um dann in Richtung Export zu gehen. Es ist ein langer, harter Weg und die Bezahlung dafür ist alles andere als fair.“

Déi gréisste Problemer bestinn doranner dass Klengbaueren och wäit ewech vu stätteschen Infrastrukture liewen. Si liewen a ländleche Regiounen, wou et keng Stroosse ginn, wou de Schoulsystem ënnerfinanzéiert ass an déi meescht hu selwer keng richteg Schoulen, esou dass se gezwonge sinn e Beruff ze maachen deen ënnert dem Existenzminimum läit. Dëst setzt sech dann nach iwwer Generatioune fort. Wann d'Baueren ze mann verdéngen, kënnen se och hir Kanner net richteg ausbilden, esou dass déi herno dann och nees an déi prekär Aarbechtssituatioun gezwonge ginn. D'Anne-Marie Yao, regionale Kakao-Managerin bei Fairtrade Africa:

„Aktuell ist es so, dass der Verkaufspreis von Kaffeebohnen die Produktionskosten nicht decken kann. Das ist ein Problem: Wenn ich nicht in der Lage bin, meine Produktionskosten zu decken, wie soll ich meine Kinder zur Schule schicken? Wie soll ich meiner Familie einen besseren Lebensstandard bieten? Ich kann so kein existenzsicherndes Einkommen erzielen.“

De Maartpräis vum Kakao ass esou niddreg dass vill Baueren kaum hir Famill ernäre kënnen. All Mënsch kéint awer dozou bäidroen dass bei der Produktioun vum Kakao an Zukunft méi Gerechtegkeet herrscht:

„In dem man als Verbraucher darauf acht gibt, woher die Produkte kommen und unter welchen Bedingungen sie hergestellt sind. Bei Kakao gibt es das Fairtrade Siegel, das dafür sorgt, dass mehr Geld und mehr Prämien bei Kakao-Bäuerinnen und -Bauern ankommen. Wer also für den Advent und Weihnachten jetzt Nikoläuse, Weihnachtsschokoladen und Ähnliches einkauft, kann einen sehr großen Beitrag dazu leisten, faire Bedingungen vor Ort zu unterstützen.“

Donieft kann een sech virstellen dass d'Liwwerkettegesetz, un deem och hei zu Lëtzebuerg dru geschafft gëtt all Entreprise dozou verflicht fir responsabel mat de Mënscherechter ëmzegoen an och op Standarden zeréckgräift déi dës Firmen ënnerstëtzt a Fuerdert, déi sech elo scho fräiwëlleg op de Wee an dës Richtung gemaach hunn, esou dass och déi Produiten déi ënner faire Konditioune produzéiert ginn hire Wee op de Maart fannen a verkaf ginn. 

Fairtrade Däitschland proposéiert och nach eng flott Campagne „Sweet Revolution“.
Gefrot sinn Iddien a Kreativitéit: Et ginn nämlech Protestsloganen gesicht, déi op Mëssstänn am Kakaohandel opmierksam solle maachen a fir eng gerecht Kakaowirtschaft plädéieren. Wann der also eng Iddi hutt, da kënnt der déi bis de 6. Dezember areechen. De Gewënner-Slogan gëtt vum Graffiti-Kënschtler boogiesml zu Berlin live als Konschtwierk ëmgesat. Alleguer d'Links fannt der op rtl.lu.

Weider Infoen: