Hutt der da schonn an der lescht missen moies ären Auto krazen? Wann et elo méi kal ass dobaussen, da sollt een och kucken dass den Auto an der Rei ass. Wanterpneuen muss ech jo hunn wa wanterlech Konditioune sinn, mä doriwwer eraus muss een nach op aner Saachen oppassen. Mir waren an den ACL Diagnostic Center bei de Frank Maas nofroen.

16/11/2020 Auto prett fir de Wanter

Deen huet eis gesot, dass och d'Batterie am Wanter eng Roll spillt.

"De Problem bei de Batterien ass, dass wann d'Temperaturen erofginn d'Kapazitéit vun der Batterie dann och erofgeet an dass dann e Risiko ass, dass den Auto net méi ugeet. Duerfir ass et wichteg, dass een am Virfeld d'Batterie kontrolléiert fir schlecht Iwwerraschungen ze vermeiden"
 
Och eng gutt Siicht ass natierlech am Wanter net verkéiert, Stéchwuert Lave-Glace

"De Lave Glace ass am Wanter en aneren. Et ass nämlech esou, dass en net soll fréieren an duerfir ass Frostschutz dran deen am Summer net dran ass a wou am Summer éischter Produit dran ass fir d'Mécken lass ze kréien.

Wat de Frostschutz vun der Killflëssegkeet ubelaangt ass bei neien Autoen kee Problem. Wann d'Autoen awer e bëssen méi al ginn, da kann et sinn dass den Taux vum Antigel mat der Zäit e bëssen ofhëlt an dass ass ëmmer e Risk dass de Kühler kéint zoufréieren an duerfir rode mir am ACL och fir bei Autoen déi e puer Joren hunn, den Antigel, grad wéi d'Batterie kontrolléieren ze loossen."

Och wichteg ass, dass ee gutt Wischeren huet an dass een d'Autosfënster vu bannen ofmécht.

"Dat verhënnert eben dass ee Refleten kritt, virun allem wann een an Däischtert fiert. A wann dann d'Strooss och nach naass ass, da ginn dat Spigelungen wat eben geféierlech ass wann d'Leit iwwer d'Strooss ginn déi een dann net mat Zäit villäicht gesäit."

Wann deen éischte Schnéi kënnt, sollt een natierlech och wëssen wou ee seng Kraz higeluecht huet fir d'Fënster fräi ze kréien.

"Et muss ee bedenken dass een och esou net ka fueren. D'Fënsteren mussen och laut Code de la Route alleguer fräi sinn. U sech soll een den Auto och ganz propper maachen vu Schnéi, do och un de Capot an den Daach denken éier ee fortfiert."

Wat dann dem Frank Maas no dacks vergiess gëtt wieren d'Dichtungen am Auto, och op déi muss een an der kaler Joreszäit oppassen.

"Wann et dobaussen fiicht ass an et fréiert och nach, dann ass ëmmer e Risk dass d'Dieren zoufréieren an duerfir ginn et extra Produiten déi ee kann an d'Dichtungen vun den Dieren dropman, esou dass d'Dier net zoufréiert a wann ee moies beim Auto steet keng schlecht Iwwerraschung erlieft"

Ofschléissend wier dann nach ze soen dass ee sech bei eppes keng Suergen muss maachen: dass am Wanter den Tank zoufréiert.

"U sech brauchen d'Leit sech dorëmmer net ze kënmeren. Et ass esou, dass d'Petrolieren extra Additiven an de Kraftstoff maachen, esou dass de Bensinn oder den Diesel op kee Fall bei eisen Temperaturen déi mir hei kréien zoufréiert."