D'Bande Dessinée zu Lëtzebuerg boomt, och wann dëst Joer keng vun deene grousse Manifestatiounen ronderëm d'Bande Dessinée konnten organiséiert ginn. Kee BD Festival zu Konter, keng Comiccon um Geesseknäppchen an och kee Free Comic-Book Day op verschiddene Plazen. Et gëtt och ëmmer méi Lëtzebuerger Auteuren, a fir déi méi bekannt ze maachen, ass eng nei Associatioun gegrënnt ginn, déi sech "D'Frënn vun der 9. Konscht" nennt.

25-11-2020 Frenn vun der 9ter Konscht

Et war den Auteur vum Lucky Luke sengen Aventuren, deen d'Bande Dessinée als déi 9. Konscht beschriwwen huet. An och wann et zu Lëtzebuerg schonn eng laang BDs Traditioun gëtt, kennen déi mannst d'Auteuren déi probéieren vun där Konscht ze liewen. Dat wëll d'A.s.b.l. "D'Frënn vun der 9. Konscht" änneren. Et hält och net bei der Promotioun vun den Auteuren op. Et geet och drëm, fir neit Potential kënnen ze entwéckelen. An d'A.s.b.l. gesäit sech och als Lobbyorganisatioun, fir de Lëtzebuerger Bande Dessinées Auteuren ënnert d'Äerm ze gräifen, fir och vun en ëffentleche Plaze wouer geholl ze ginn.

D'Frënn vun der 9. Konscht hunn dann elo och hir éischt Bande Dessinée erausbruecht, déi vu verschiddene Lëtzebuerger Auteure realiséiert ginn ass, an d'Geschicht vun der Festung vun der Stad Lëtzebuerg erzielt.

Déi Iddi ass aus enger Ausschreiwung  vun der Stad Lëtzebuerg eraus entstan, fir d'25 Joer vum Weltkulturierwen vun der UNESCO ze feieren. Et ass een Dossier agereecht ginn, deen d'Zouso vun der Gemeng kritt huet, an doropshin hunn d'Auteuren dunn zesummen déi Bande Dessinée realiséiert.

D'Auteuren déi matgeschafft hu liewen zu Lëtzebuerg, Paräis a Berlin, verschiddene kennt ee schonn, anerer stinn nach méi um Ufank vun hirer Karriär.

Den Ament ass et och net einfach fir genee kënnen ze chiffréieren, wéi vill Bande Dessinées Auteuren et iwwerhaapt zu Lëtzebuerg gëtt. Well vill vun hinne schaffen am Hannergrond, un hire perséinleche Projeten, an traue sech nach net richteg, fir déi ze weisen. Och wa sech mëttlerweil an der Mentalitéit vill geännert huet, an eng Bande Dessinée net méi just eng Micky Maus fir Kanner ass.

D'Sortie vu "Fortifications", där neier Bande Dessinée iwwert d'Festung Lëtzebuerg ass just ee Punkt fir dee sech d'A.s.b.l. "Frënn vun der 9. Konscht" asetzt. Si wëllen et och nieft deene scho bekannten Evenementer méi dacks méiglech maachen, datt d'Auteuren an hir Lieser sech begéine kënnen.

Dat ass duerch déi momentan Situatioun awer méi komplizéiert, dofir limitéiert sech d'Promotioun ronderëm déi nei Bande Dessinée op déi offiziell Presentatioun an der Nationalbibliothéik.

Wéinst deenen neie Restriktiounen gëtt déi Presentatioun muer den Owend live iwwert den Internet gestreamt.