Haut um 25. November ass e wichtegen Dag deen op e ganz eescht Thema opmierksam soll maachen, nämlech op d'Gewalt géint Fraen a jonk Meedercher. An den nächsten Deeg wäerten och eng Partie offiziell Gebaier orange Beliicht sinn, oder et begéint ee soss orange Saachen, déi am Kader vun der Orange Week organiséiert ginn. Esou heescht d'Aktioun, déi bis den 10 Dezember e ganz klore Message vermëttelt, nämlech "Lët'z say NO to violence against women!"

25/11/2020 Best of: orange Week

De Moie ware mer beim Conseil National des Femmes du Luxembourg, an mir hunn ënnert anerem mat der Coordinatrice vun der Orange Week, der Danielle Becker-Bauer iwwert dës Aktioun, déi zanter 2017 hei zu Lëtzebuerg organiséiert gëtt geschwat:

25112020 Best of - Orange Week 1 (Danielle Becker-Bauler)

25112020 Best of - Orange Week 1 (Danielle Becker-Bauer)

Allgemeng ausgedréckt, manifestéiert se sech a verschiddene Formen:

Sexuell Gewalt an Harcèlement: Vergewaltegung, onerwënschte sexuell Avancen, Kannermëssbrauch oder Stalking a Cyberattacken. Net ze vergiessen de Mënschenhandel, Sklaverei, Genitalverstümmlung a Mariage vu Kanner. Awer och an der Famill, d'Gewalt um Partner: Mësshandlung, psychologesche Mëssbrauch, Toxicitéit an Narzissmus, Saachen déi net ëmmer direkt z'erkenne sinn, wéi d'Directrice Anik Raskin erkläert: 

25112020 Best of - Orange Week 2 (Anik Raskin)

© cnfl

© cnfl

25112020 Best of - Orange Week 2 (Anik Raskin)

Noutgedrongen konnte verschidde Saachen vun der Orange Week net duerchgezu ginn, dofir ginn et awer online Méiglechkeeten u Konferenzen deelzehuelen a matzemaachen an nach vill aner Saachen déi um Programm stinn, an nei aus der Situatioun entstane sinn, d'Annie Nickels-Theis, Presidentin vum CNFL:

25112020 Best of - Orange Week 3 (Annie Nickels-Theis)

25112020 Best of - Orange Week 3 (Annie Nickels-Theis)

HELPLINE: 2060 1060