Frëscht Uebst an e gudden Orange-Jus krut de Loïc de Moien am RTL-Wecker beim Grosbusch. 1917 war Grosbusch nach eng kleng Epicerie zu Déifferdeng an haut schaffen an der Entreprise 270 Léit. Geréiert gëtt dat ganzt vum Goy Grosbusch a senger Schwëster Lynn, mëttlerweil schonn an der 4ter Generatioun. Hinnen ass et wichteg an Zukunft och ëmmer méi op Bio ze setzen, well d'Demande déi wier do. "Hautdesdaags géing een net méi just vun engem Hype schwätzen, mee scho vun enger Tendenz.", sou de Goy Grosbusch am RTL-Interview. Dem Loïc huet hien awer och vu ,,Grosbusch Fresh Cut'' verzielt, dat ass Uebst a Geméis dat ee scho geschnidden ze kafe kritt.

04122020 Grosbusch - 2

D'Bio-Produite gi bei Grosbusch ouni Plastik a just mat biodegradabelem Pabeier verpak.

Moies frei gëtt d'Uebst a Geméis scho geschnidden an dann duerch d'ganz Land transportéiert. Dës Ananas gouf zum Beispill a kleng Dëppercher verpak, fir dono an de Luxair-Fligeren zerwéiert ze ginn.

Eng Ananas muss iert se geschnidde gëtt anstänneg gewäsch ginn. Dobäi hëlleft eng sougenannte Wäschanlag, ebe just fir d'Ananas.

Dat heiten ass d'Geméis dat ënnert dem Numm ,,Grosbusch Fresh Cut'' verkaf gëtt.