De Loïc Juchem huet sech am RTL Wecker de Moie live aus de Produktiounshale vu Grosbusch gemellt. Hannert dem Uebst a Geméis dat mir an de Supermarchéë fanne stécht nämlech eng ganz logistesch Prozedur. Gewäsch, geschielt, geschnidden a verpak gëtt alles zu Elleng an dono gëtt et duerch d'ganzt Land transportéiert. Zanter der Coronakrise kann een sech och online Fruit @home bestellen, dëst ass eng ganz Këscht voll Geméis an Uebst. Vun haut un gëtt et dann awer och den exklusive Site: truffe.lu. D'Frënn vun der Trüffe kënnen sech souvill Gramm wei se wëlle bestellen an Heem liwwere loossen. De Goy Grosbusch mat den Detailer.

0412020 Grosbusch - 3

Am RTL-Interview krute mir déi wäiss an déi schwaarz Trüff gewisen. Et richt an et schmaacht genial a well d'Demande och sou grouss ass gëtt et vun elo un och den Internetsite truffe.lu. Hei kann een se sech ganz bequem heem liwwere loossen.

 Ënnert dem Numm Fruit@Home bitt Grosbusch och de privat Persounen d'Méiglechkeet sech Uebst a Geméis heem liwweren ze loossen. Dës Këschte ginn all Woch néi zesummegestallt an et si Rezepter mat dobäi, falls de Produit dem Konsument net direkt bekannt wier.