Eise Live Reporter Loïc Juchem war de Moien am RTL Wecker op Besuch beim Grosbusch. Uebst a Geméis iesse mer praktesch all Dag, ma bis datt et mol bei eis um Teller leit musse vill aner Leit nach eppes dozou bäidroen. Gewäsch, geschielt, geschnidden a verpak gëtt alles zu Elleng an dono gëtt et duerch d'ganzt Land transportéiert. Zanter 1917 gëtt et de Betrib, deen sech permanent weider entwéckelt. Mëttlerweil kann een sech d'Uebst a Geméis a souguer d'Trüffe Heem liwwere loossen. Dernieft gëtt och Bio ëmmer méi wichteg an d'Demande déi wier grouss. Ënnert anerem doriwwer huet de Loïc mam Goy Grosbusch am RTL-Wecker geschwat. 

04/12/2020 Live Reporter bei Grosbuch