Yoga kënnt déi lescht Joren ëmmer méi a Moud, well vill Leit am stressegen Alldag e Wee siche fir sech ze entspanen an en Ausgläich fir Kierper a Geescht sichen. Vill Leit verbanne mam Wuert Yoga Gesondheet, definéiert Kierperpositiounen an Entspanung. Mä Yoga ass a kann awer nach vill méi, Nicky Soisson.  

26112020 Yoga

D'Wuert Yoga kënnt aus dem indesche Sanskrit an heescht "Eenheet, Harmonie". Dës Praktik besteet well säit 5000 Joer an ass vill méi wéi just Beweegung an Ootmung. Effektiv kann ee Yoga als eng richteg Liewensphilosophie beschreiwen déi op 8 Piliere baséiert an eis hëllefen de Kierper, de Geescht an d'Séil erëm an Harmonie ze bréngen. D'Benefice vum Yoga sinn extrem villfälteg, wéi d'Eileen von Knobelsdorff, Grënnerin vu "My Happy Place" an "House of Yoga", eis erkläert:

"Elo wou mir an enger Zäit si wou mir e bëssi méi Stress hu warscheinlech, e bëssi méi Anxiétéit, hëlleft eis de Yoga nees e bëssi erof ze kommen, besser ëmzegoe mam Stress. Et hëlleft eis och eis Ootmung nees méi bewosst ze maachen an ze verdéiwen. Et gëtt eis och méi Selbstbewosstsinn, et hëlleft eis wa mir Problemer hu mam Réck, Schëlleren, Genéck. Et hëlleft eis natierlech och fir am Moment ze sinn, dat heescht, dass mir net an der Vergaangenheet oder an der Zukunft liewen well da gi mer net glécklech. Et hëlleft eis fir besser konzentréiert ze sinn an natierlech stäerkt et de Kierper a mécht eis e bëssi méi flexibel." 

Wann een als bluddegen Ufänger decidéiert esou e Yogacours auszeprobéieren, da gëtt et nawell gär séier mol dronke mat all deene verschiddene Praktiken déi ugebuede ginn. Dofir ass et vläicht gutt ze wësse op wat een oppasse soll wann ee lassleeë well: 

"De richtege Cours aussichen, dat heescht als Ufänger net direkt an e Cours goe wat mir nennen Vinyasa wat e bëssi méi dynamesch ass well et vill méi schwéier ass fir nozekommen an da kann een e bëssi frustréiert sinn. Wat ganz wichteg ass: sengem eegene Kierper nolauschteren, dat heescht sengem eegene Rhythmus follegen. Et kann ee vläicht net alles am Ufank maachen mee dat kënnt alles mat der Zäit. A versichen eng Balance tëscht méi aktiven a méi relaxe Coursen hale well mir brauchen einfach déi 2 an eisem Liewen. Wa mir eng ganz aktiv Persoun sinn hu mir d'Tendenz ëmmer an aktiv Coursen ze goe mee normalerweis brauch déi Persoun genee de Géigendeel. An dann nach eng Recommandatioun: e gudde Yogatapis well wann een e gudden Tapis huet an et mécht ee vill Yoga ass dat wierklech ganz wichteg! D'Hänn sollen net ofrutschen, en däerf net ze déck an ze mell sinn well dat ass net gutt fir d'Gelenker."

Wichteg ass et och sech gutt iwwert déi Schoul z'informéieren an där een d'Course matmaache well:

"Et soll op jiddwerfalls eng Schoul si wou d'Proffen all zertifiéiert sinn an zwar och vun enger Organisatioun déi international unerkannt ass. Do ass zum Beispill eng vun deene Bekanntsten "Yoga Alliance"well et muss een einfach eng Notioun vun der Anatomie hu fir e Cours kënnen ze leeden a sécher ze goen, dass d'Studente sech net wéi dinn. An da fannen ech och, dass et ganz wichteg ass, dass d'Schoul och e Wuelfillfeeling gëtt, dat heescht déi verbreet, dass et keng Kompetitioun gëtt a wou den Ego och keng Plaz huet. Den 1. Interêt vun enger Schoul soll wierklech sinn, dass ee sech sécher fillt an dass de Proff och wierklech oppasst, dass een d'Saache richteg mécht, ee verbessert fir dass ee sech net wéi deet."