Villes ass dëst Joer anescht, Aktiounen déi ëmmer hir fest Plaz am Kalenner hate sinn ofgesot, esou och d'Bicherdeeg, déi dëser Deeg ëmmer ganz vill Lieser a Fans vum Buch op Walfer gelackelt hunn. Mir wollten trotzdeem dem Buch seng speziell Plaz net ewechhuelen, an dofir ware mer de Moien um Bichertour, fir e bëssen iwwert d'Plaz vum Buch an der Gesellschaft, d'Bicherrentrée, an d'Literaturarchiv ze schwätzen.

Lass goung et am logisteschen Zenter vun der Librairie Ernster, wou de Fernand Ernster eis erzielt huet, wéi déi momentan Zäit sech dann op d'Librairien ausgewierkt huet:

20112020 Best of - Bicher 1

20112020 Best of - Bicher 1

© miSchons

© miSchons

Walfer ass normalerweis ëmmer d'Plattform, wou de Grand Public matkritt, wat vun neie Publikatiounen erauskënnt, wou och Renconteren mat den Auteuren, den Editeuren an och de Libraire méiglech ass. Vu dass d'Bicherdeeg dëst Joer awer annuléiert sinn, hunn de Marc Rettel an seng Équipe vu Reading Luxembourg d'Käpp zesummegestrèckt fir e flotte Programm op d'Been ze setzen:

20112020 Best of - Bicher 2

20112020 Best of - Bicher 2

A genee do, am Centre National de Literature zu Miersch ware mer och de Moie bis era luussen, wou d'Directrice Nathalie Jacoby eis méi iwwer hir flott Aktioun verroden huet:

20112020 Best of - Bicher 3

20112020 Best of - Bicher 3

© miSchons

© miSchons