D’Attentat op d’Synagog zu Halle, d’Attack op e jiddesche Student zu Hamburg, antisemitesch Parolen op Kierfechter a Südfrankräich. Dat si just e puer vun den antisemitesche Virfäll, déi an eisen Nopeschlänner an der Lescht an de Schlagzeilen woren. Mee wéi ass et mam Antisemitismus hei am Land, Josiane Hoffmann?

20/11/2020 Antisemitismus zu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg ass bis ewell verschount bliwwe vu gravéirenden antisemitesche Virfäll wéi kierperlechen Attacken oder Attentater op Synagogen. An awer ass och bei eis en antisemitesche Fong festzestellen.

D’Asbl RIAL (Recherche et Information sur l’Antisémitisme au Luxembourg) kämpft zanter 2018 géint den Haass op Judden an d’Verdäiwelung vum Staat Israel hei am Land. Dozou hire Präsident, de Bernard Gottlieb:

"Mir probéieren, haaptsächlech duerch eise Rapport, fir d’Leit ze sensibiliséieren. Dat heescht, och d’Politik, d’Press, d’Schoulen, d’Geméngen. Mir publizéieren och Zeitungsartikelen. Ech méngen, et si vill Leit, déi iwwer Antisemitismus schwätzen, mee wann een an d’Detail geet – „wat ass dat lo?“, kritt een net onbedéngt vill Äntwerten. Mir baséieren eis op d’Aarbechtsdefinitioun vun der IHRA (der International Holocaust Remembrance Alliance), déi eigentlech an hire Beispiller ganz kloer beschreift, wat een als Antisemitismus bezeechne kann."
 
Ausser den Donneeë vu RIAL ginn et keng weider Chiffren zum Antisemitismus am Grand-Duché. «Et kann een dovunner ausgoen, datt d’Situatioun änlech ass bei äis wéi a ganz Europa», wou Studien no 10-15% vun der Bevëlkerung antisemitesch Tendenzen hunn.
 
Zu Lëtzebuerg kommen antisemitesch Virfäll zum engen aus dem rietspopulistesche Lager a Form vun traditionellem Antisemitismus. Och vu lénksextremer Säit kënnt et zu Incidentën. Dëst besonnesch am Kader vum Konflikt tëscht Israel a Palästina, wann ee wäit iwwer rational Kritik erausgeet an de Staat Israel z.B. mat den Nazië gläichsetzt.  

2018 huet di kleng Ekipp ronderem de Bernard Gottlieb 26 Virfäll notéiert. Zejoert schonns 47. D’Donkelziffer ass 5 bis 10 mol méi héich. Fir 2020 wäerten d’Zuele wuel nach e Krack an d’Luucht goen. Ëmmer erem liest een nämlech aktuell an de soziale Medien z.B., d’Judde géifen d’Welt dominéieren a wiere souguer schold u Corona.

D’Zeie vun antisemitesche Virfäll traue sech oft net, dës ze mellen. D’Affer selwer wende sech zwar duerchaus u RIAL, zécken awer oft, bei d’Police ze goen. Dobäi sinn sou Attacken eng Belaaschtung, wéi de Bernard Gottlieb aus eegener Erfarung wees:

"Wann ee sou eng Attack erlieft, ob dat lo eng antisemitesch ass, ob et eng rassistesch ass, ass warscheinlech genau di selwecht Problematik. Et fillt ee sech irgendwéi schlecht, besonnesch wa se lo spezifesch ass - géint ee geriicht ass.“

Et ass net einfach, mee de Bernard a säin Team ginn net op. Grouss Erwaardunge setze si an den nationalen Aktiounsplang géint Antisemitismus, dee grad ausgeschafft gëtt.

Och als Eenzelne kann ee géint Antisemitismus aktiv ginn. Andeems een nämlech versicht, en an all senge Formen ze verstoen. Wann een dann e Virfall erkennt, "muss een einfach Zivilcourage beweisen, dat net lafe loossen, mee mellen. Et muss een driwwer schwätzen, et muss een agéieren, an anere Wieder, sech engagéieren fir eng méi fair a gerecht Gesellschaft."

  (IHRA-Definitioun vun Antisemitismus)

All Forme vun Diskriminatioun, deenen een am Internet begéint, kann een iwwregens bei BEE Secure mellen. Antisemitesch Virfäll natierlech och bei RIAL.