Villäicht hutt Dir an deene leschte Wochen eng nei Funktioun op Ärem Autosradio entdeckt: DAB, den digitale Radiosempfang, deen zanter Mëtt September zu Lëtzebuerg getest gëtt. Zanter gëschter ginn et do e puer Changementer, wat den Empfang vun RTL ugeet.

21-11-2020 Changementer beim RTL Empfang um DAB

Et geet bei deem Test, deen am Optrag vum Service des médias et des communications vum Staatsministère duerchgefouert gëtt, jo drëm fir eraus ze fannen, ënnert wéi enge Konditiounen den digitale Radio zu Lëtzebuerg kéint méiglech sinn.

Ee vun de Punkten deen och muss gekläert ginn ass deen, wéi vill Radioen iwwerhaapt Plaz an deem digitale Multiplex hunn. Well do ass den Digitalradio anescht ewéi dee klasseschen, analogen, Empfang. Wärend am FM, dem UKW, all Sender eng eege Frequenz huet, deele sech d'Programmer am DAB, der digitaler Diffusioun, eng an déi selwecht Frequenz.

An grad ewéi een dat schonn aus dem Musekstreaming oder vun der MP3 hir kennt, kann ee Plaz gewannen, andeems een den Toun deen iwwerdroe gëtt méi kompriméiert, respektiv méi oder manner zousätzlech Informatioune mat iwwerdréit.

Wann also méi Radioen sollen iwwert DAB+ gesent ginn, da mussen d'Programmer méi kompriméiert ginn, wat awer een Afloss op d'Qualitéit vum Toun huet, deen een héiert.

Et gëllt also ee Kompromëss ze fannen tëscht engem Toun, deen nach ëmmer gutt ass, an awer esou kompriméiert ass, datt villäicht méi Programmer um DAB Plaz hunn. Do hänken och d'Käschte mat drun, déi ufalen, fir iwwert DAB+ iwwerdroen ze ginn.

Zanter gëschter ass RTL um DAB+ e bëssche méi kompriméiert, woubäi et zwou verschidde Methode ginn, fir déi Kompressioun ze  erreechen. Déi gi parallel getest. Eng Kéier um normalen RTL Programm um DAB+, an engem Kéier um Programm deen LQ heescht. Esou kënnen d'Ënnerscheeder an der Qualitéit direkt matenee verglach ginn.

Dobäi kënnt awer och nach eng besser Feeler Korrektur, déi virun allem a Situatiounen an deenen den DAB+ Empfang méi schlecht ass, villäicht hëllefe kënnen, datt ee mat där enger Manéier awer nach een Toun empfänkt, wou et mat där anerer villäicht schonn net méi geet. Och dat kann esou direkt verglach ginn.

An do kënnt Dir eis weiderhëllefen. Wann Dir RTL um DAB+ empfänkt, dann deelt eis mat, wéi Dir d'Tounqualitéit fannt, wéi gutt den Empfang ass, a vergläicht roueg och d'Qualitéit tëscht dem RTL LU Programm an dem LQ Kanal. Natierlech sinn och Techniker am Gaang ze testen an ze vergläichen, mä um  Enn ass d'Diffusioun iwwert DAB+ och een Zerwiss fir eis Nolauschterer, dofir wëlle mir och Är Meenung an deem Kontext gewuer ginn. Héiert Dir dat den Toun méi kompriméiert ass, oder kléngt et an Ären Oueren nach ëmmer d'selwecht?

Déi kënnt also beim DAB+ Test matmaachen an eis Är Erfarungen am Beschten iwwert déi speziell Email-Adress dab@rtl.lu matdeelen. Dee qualitativen Test ass fir eng Woch geplangt.