Déi daitsch Prominenz trauert ëm hire gudde Frënd den Udo Walz. D'sozial Medien si voll mat ville Fotoen, Erënnerungen an Anekdoten. Dorënner ënnert anerem de Joko Winterscheid, d'Sophia Tomalla oder d'Sylvie Meis. E Freideg koum déi traureg Nouvelle, dass den Udo Walz am Alter vu 76 Joer verscheet ass. De Loïc Juchem hat hien 2017 zu Berlin getraff an erënnert sech un e sympathesche Mann.

E koum aus enger Famill mat net ville Suen an huet sech lues a lues eropgeschafft. Seng Mamm hat dunn bemol decidéiert den Udo bei hire Coiffeur ze schécken, do sollt hien sech emol alles ukucken. Mat 17 Joer huet hien dunn ugefaangen sech ëmmer méi fir de Beruff vum Coiffeure ze interesséieren an du goung et lass.

Cut Udo Walz 1

2017 hat ech d'Chance hien fir en Interview zu Berlin a sengem Salon ze treffen. E sympatheschen a lëschtege Mann.
No senger Meeschterprüfung, wou hien iwwregens ganz schlecht ofgeschnidden huet, ass en ëmmer méi populär ginn. Bis zu sengem Dout war dat heiten seng Liewensastellung.

Cut Udo Walz 2

Nierft ville Staren aus dem Showbuisness, ass och eng Madamm reegelméisseg bei hien an de Salon komm. D'Angela Merkel huet him vill uvertraut an hat et guer net gären wann hien an Interviewen iwwert si geschwat huet. Trotzdeem hat hien mer bëssen eppes iwwert sie verroden.

Cut Udo Walz 3

Hie war awer net nëmmen als Coiffeur bekannt. Hien war dacks op der Tëlee ze gesinn, huet do och do all Spaass matgemaach. Ënnert anerem war hien reegelméisseg beim Joko a Klaas an den Emissiounen.

Virun 2 Woche soll hien en Diabetis-Schock gehat hunn an duerno an de Koma gefall sinn. E Freideg de Mëtteg ass den Udo Walz gestuerwen, huet säi Mann, de Carsten Tamm-Walz, der "Bild"-Zeitung géintiwwer confirméiert. Bis viru sengem Doud war hie Besëtzer vu 5 Coiffeurssalonen. Den éischten hat seng Dieren 1985 zu Berlin um Kurfürstendamm opgemaach. 2 weiderer sinn an der däitscher Haaptstad, een zu Potsdam an een op Mallorca. Den Udo Walz, e Mann deen all Dag a vollen Zich genoss huet an deen zefridden mat sech selwer war. 2017 huet et am RTL-Interview sou geklonge.

CUT Udo Walz 4

Deemools huet hien mer nom Interview och nach d'Hoer friséiert. D'Coiffure déi gëtt et sou net méi...dofir bléiwen mer awer vill schéin Erënnerungen un deen Nomëtten an och un den Udo Walz selwer. Rest in peace.