Covid19 ass definitiv ee vun deenen Evenementer, deenen hir historesch Dimensioun eis all direkt bewosst ass. Dacks mat der spuenescher Gripp um Enn vum Éischte Weltkrich verglach, ass et déi schlëmmste Kris zënter dem Zweete Weltkrich. Wichteg ass et deemno sou vill wéi méiglech Tracen vun dëser Zäit ze sammelen an ze hannerloossen, Nicky Soisson.

25112020 Covidmemory

De Covid19 huet säit e puer Méint och eist Land fest am Grëff. Déi ganz Situatioun féiert zu Interventiounen a Restriktiounen an eisem privaten a professionelle Liewen wéi der vill ënnert eis se bis dato nach net kannt hunn. An deem Kader huet den C2DH, Fuerschungszentrum vun der UNI Lëtzebuerg, am Fréijoer den covidmemory.lu online gesat, Isabelle Voegeli, Responsabel vun der Kommunikatioun vu C2DH: 

"Dës participativ Plattform, erméiglecht et jidderengem seng perséinlech Erfarungen, a Bezuch zu Covid, ënnert der Form vun engem Temoignage ze deelen. Dës Temoignage sollen deene nächste Generatioune weisen, wat mir haut erliewen an de Fuerscher d’Méiglechkeet ginn den Impakt vun der Covidpandemie op d’Gesellschaft besser ze verstoen. Jidderee ka seng Fotoen, Videoen oder Geschichten op dëser fräier Plattform posten. An dat op lëtzebuergesch, op däitsch, op franséisch oder op englesch. Mir wëllen dokumentéieren wéi de Covid19 eist Liewen verännert huet."

D’Fuerscher vum C2DH hunn elo déi éischt Beiträg ausgewäert an et sinn effektiv déifgrënneg, emotional awer och witzeg Kontributiounen derbäi. Interessant ass zum Beispill wéi mir eisen Alldag covidéieren a wéi mir a Covid-Zäite eis Familljefester feieren.

"Jo, mir krute bis elo ganz flott Temoignage, wéi d’Leit zum Beispill an dëse speziellen Zäiten hire Gebuertsdag feieren. Oder och Temoignagen iwwert d’Schwieregkeeten am Alldag, sief et doheem, beim Akafen, an der Schoul, oder op der Aarbecht. An haut wéilte mir wëssen wéi Dir dëst Joer Chrëschtdag an Silvester feiere wäert? An der Famill doheem? Vläicht online mat Frënn? Hutt Dir scho mat de Virbereedungen ugefaangen? De Bam opgeriicht, d’Luuchten un d’Haus opgehaangen? Wéi a wou kaaft Dir Är Kaddoen? Kacht Dir selwer oder gëtt dëst Joer vläicht bestallt? Wäert Dir de Chrëschtmaart vermëssen? Wat ass anescht am Vergläich zu de Feierdeeg d’lescht Joer? Wat ass Äre gréisste Wonsch fir dat neit Joer?"

Ma net nëmme Bäiträg aus dem private Liewe si wëllkomm, och Temoignage vum Alldag vu Geschäftsleit a klengen Entreprisen géife si interesséieren: 

"Wéi gesinn Är Chrëschtfeieren dëst Joer aus? Mä doriwwer eraus géif eis interesséieren wéi d’Covidkris Är Firma äert Geschäft, Äre Restaurant impaktéiert huet. Ab muer sinn d’Restauranten jo bekanntlech zou, wat sinn d’Konsequenze fir Iech? Fir déi kleng Entreprisen a Geschäfter, waren do mam Ausbreede vun der Pandemie Adaptatiounen néideg? Wat sinn am Alldag déi gréisste Schwieregkeeten? Wéi steet et ëm den Ëmsaz? Hutt Dir d’Gefill déi néideg ëffentlech Ënnerstëtzung ze kréien? Wéi geet et Iech moralesch ? A wéi gesitt Dir d’wirtschaftlech Zukunft vu Lëtzebuerg?"

Jidderee kann deemno seng Dokumenter op d'Plattform eroplueden, sou datt se Deel vun enger Sammlung ginn, déi d'Covid19 Kris zu Lëtzebuerg an all senge Facetten reflektéiert.

Fir datt déi nächst Generatioune verstinn wat mir haut erliewen, wier et deemno flott wann Dir Äre perséinleche Temoignage op

oder per mail op covidmemory@uni.lu hannerloosse kéint. Och aner Bäiträg zu aner Theme wéi d'Krankheet, den Impakt op den Alldag, Teleworking an Homeschooling si wëllkomm.