2015 gouf op d'Initiativ vum Service nationale de la jeunesse, dem SNJ, de ''Jugendpräis'' an d'Liewe geruff. All 2 Joer gëtt dësen organiséiert fir all deenen eng Plattform ze bidden, déi Projete mat Jonken a fir Jonker maachen. Do geschitt ganz vill, dat soll gewise an och belount ginn. D'Marie Gales huet mam Responsabele vum Jugendpräis Jeff Faltz geschwat.

25/11/2020 Projete fir de Jugendpräis 2021

2021 geet déi 4. Editioun iwwert d'Bün a fir e bëssi frësche Wand an de Jugendpräis ze kréien, gouf un de Kategorie geschafft. 2 vun de 6 Kategorie sinn elo méi thematesch, Jeff Faltz.
Do geet et dann ëm Projeten, déi sech mat neien Technologie beschäftege wéi digital Medien an déi zweet Kategorie behandelt den Ëmweltschutz, Nohaltegkeet.

Dat gëtt et eng weider Kategorie ''Go local'' fir Jugendhaiser a Strukturen op engem lokalen Niveau.

Grouss Projete ginn an enger Kategorie fir sech festgehalen, déi déi méi eng grouss, national Envergure hunn, woubäi och grouss Strukture geschafft hunn. Déi huet den Numm ''Making waves''.  An international Projeten, also déi iwwert d'Grenzen erausgaange sinn a Jonker aus dem Ausland heihinner komm si fir mat Jonker vun hei ze schaffen, ginn an enger nächster Kategorie ënnerbruecht.

Déi Kategorie nennt sech ''We are the world'', da gëtt et nach Peer to Peer, sou den Numm vun der 6. Kategorie an déi adresséiert sech komplett un déi Jonk, déi sech einfach sou zesumme gedoen hu fir e Projet op d'Been ze stellen.
Ouni datt déi elo grouss organiséiert gewiescht wieren oder eppes gegrënnt hätte fir dee Projet ze maachen.

Bis Mëtt Dezember kann ee seng dës Projeten nach eraginn, um Internetsite jugendpräis.lu. Wann d'Krittären all erfëllt sinn, da gi d'Projeten enger Jury weidergeleet, nach emol de Jeff Faltz vum SNJ.
Dee Jury besteet aus 10-15 Leit, bont zesumme gemëscht, aus dem Sekteur awer net just an déi evaluéieren dann d'Projeten a wielen déi 3 Flottsten an all Kategorie eraus an dës ginn nominéiert. Da kënnt een esou an déi 2. Ronn, also déi 18 Projete kommen esou weider an da gëtt sech nach emol virun engem 2. Jury presentéiert. Do pitcht een da virun deem an et ass dee Jury, deen dann de Gewënner an all Kategorie festleet.

De 6. Mee 2021 gëtt de Jugendpräis an deene 6 Kategorie iwwerreecht op engem festleche Gala, dëst am Forum Geesseknäppchen.

De Grand Public kann déi Soirée per Live Stream suivéieren a sou déi grouss Panoplie u flotte Jugendprojete gesinn a wien natierlech da gewënnt.

Weider Detailer a fir äre Projet unzemellen, fannt Dir op