Eng flott Aktioun fir de gudden Zweck gëtt et de Moment am Garage Michels. Zesumme mam Kënschtler Joel Meiers gouf en Auto op e bësse méi eng speziell Aart a Weis lackéiert. De Joel Meiers erkläert d’Aktioun a wéi et dozou koum.

27/11/2020 Flappi

26/11/2020 Flappi 1

Engesdaags souze mer zesummen  du sot ech zum Georges ech hätt eng Iddi, ech géif iergendwann gären op en alen Auto molen. Doropshin huet hie gemengt: du brauchs net op en alen Auto ze mole mir kafen dir en neien Auto. Prompt huet hien e fonkelneien Nissan Micra kaf. Deen ass dunn am Abrëll wärend der Corona-Zäit ukomm. Den Auto gouf demontéiert a foléiert fir dass ech konnt dru schaffen. En huet missen of gemaach ginn an dunn konnt ech  iergendwann lassleeë mat menger Grafitimoolerei a mat Airbrush konnt ech dunn meng verschidde Motiver drop molen.

Dem Joel Meiers ass et, wéi den Auto do stoung op eemol och net méi egal gewiescht. Grad wann ee mat Faarf schafft ka munches schif goen.

26/11/2020 Flappi 2

Et ass net wéi e Stéck Pabeier oder eng Toile. Déi kann ee ganz einfach ewech geheien. Stellt iech fir ech hätt zum Georges misse soen ech hunn elo op enger Autosdier mech vermoolt du muss mer eng nei Autosdier kafen. Sou wier dat da geweecht. Sou muss all Pinsel-stréch all Airbrushstréch muss bei sou engem Projet sëtzen.

Fir de Kënschtler war dat eng Première op en Auto ze molen. D’Forme sinn eben net déi wéi déi, déi een op enger Toile huet. Wéi muss een sech den Auto elo virstellen.

26/11/2020 Flappi 3

Motiver muss jo ze erkenne sinn. Do hu sech verschidde Motiver ugebuede wéi z.B e Krokodil. Ech hunn e sexy Chicken drop gemoolt an en „Hang Over“ Vull dee meng Clientë gutt kennen. Et sinn och Spréch déi mer aus der Politik kennen. Louder Véi wat de Jean Asselborn mol sot oder och Merde Alors. Hanne steet: dat ass e staarekt Stéck, wat mer vun der Madamm Jakobs kennen. Et sinn net nëmme Biller drop ma och Text deen op Lëtzebuerg zougeschneidert ass, dat mécht déi ganz Saach och relativ interessant fir dat ganzt eemol ze kucken.

Wéi den Auto dunn bis fäerdeg war huet sech eng nei Iddi erginn. Den Auto sollt ënnert der Form vun enger Tombola verspillt ginn. Den Erléis dovu geet un Kannerduerf op Miersch.

26/11/2020 Flappi 4

Een Ticket kascht 25 Euro. Do kann een z.B eng Sms maachen an da kritt een deen Ticket zougeschéckt. Deen Ticket kënnt an den Dëppe wou de Gewënner häno dann och ermëttelt. Déi Sue ginn integral un de gudden Zweck. An hei ass et integral fir Kannerduerf Miersch.

Fir un der Verlousung deel ze huelen maacht einfach en Digicash mat 25 Euro d'Nummer 691 26 33 25 mam Numm, Adress an Telefonsnummer. De Billjee kritt een dann Heem geschéckt.

De Joel Meiers kann een och a senger Galerie zu Veianen besichen.
Galerie JOELS ARTBOX
33 rue de la Gare
Veianen