De Coronavirus begleet eis duerch den Alldag. Ma och d'Mënsche virun eiser Zäit hate mat geféierleche Viren a Bakterien ze kämpfen. An déi kéinten duerch de Klimawandel eventuell zum Problem ginn.

02/12/2020 Geféierlech Viren a Bakterien am Permafrascht (Reportage Radio)

Och viru Joerzéngten a Joerhonnerten goufen et Pandemien an Epidemien, d'Pescht zum Beispill, d'Pouken oder och nach déi Spuenesch Gripp. Vill Krankheeten, menge mer, sinn haut ausgestuerwen, obwuel et se nach ëmmer gëtt. Gefaangen am Permafrascht, dem gefruerene Buedem an Alaska, Sibirien oder Kanada. Zanter Joerdausenden ginn doranner al Bakterien a Viren ënnert ideale Konditiounen konservéiert. Am Däischteren, äiskal, an ouni Sauerstoff.

© Pixabay

Eng Couche Permafrascht ka méi wéi ee Kilometer an d'Déift goen an méi wéi eng Millioun Joren al sinn. Dat kann ee sech e bësse virstellen ewéi eng Truh, déi zanter enger Millioun Joren net entdeet gouf. Wann dee Buedem schmëlzt kënnen Bakterien a Viren fräigesat ginn, déi schonn iwwert e laangen Zäitraum do dra sinn.  Dem Expert no, wier dat awer net den déckste Problem, mä éischter de Mënsch, deen dann och déi Plazen exploitéiert. Wann do an de Permafrascht gebuert a gebaggert  gëtt, gi mer an eppes stëppelen wat mer nach net kennen. Mä ob do eppes dobäi ass, wat déi ganz Mënschheet kann ausläschen? Éischter onwarscheinlech, mengt den Expert, well de Gro vun den Erreeger duerch d'Loft an d'Luucht zerstéiert gëtt.

© Pixabay

Och Bakterien kéinten eng Roll spillen. Agefruere Mikroben an där vun haut kéinten openeen treffen an hir DNA vermëschen. Esou kéint aus engem harmlosen Erreeger ee geféierlechen ginn. Dem Weltklimarot no sinn d'Temperaturen vum Permafrascht an de leschte 40 Joer op Rekordwäerter geklommen. Op ville Plazen ass en am Gaang lues a lues ze entdeeën. Bis Enn vum Joerhonnert gëtt domadder gerechent, dass tëscht 37 an 81 Prozent vum Permafrascht betraff sinn. Mer schwätzen do awer vun enger Déift bis 3,5 Meter.

Iwwregens: Viru 4 Joer ass a Russland de Mëlzbrand-Erreeger no 75 Joer nees ausgebrach. Wéi et dozou koum a wéi vill Leit krank gi sinn, héiert Der hei am Web-Reportage.

02/12/2020 Geféierlech Viren a Bakterien am Permafrascht (Reportage Web)

© Pixabay