Dëst Joer ginn et keng Chrëschtmäert wéi ee si kennt. Dofir ginn et der awer eng ganz Partie an der digitaler Form. Een esou e virtuelle Chrëschtmaart gëtt zum Beispill vun der Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl organiséiert.

01122020 Virtuelle Chreschtmaart

Ob een elo bitzt, Skulpture mécht oder Biller moolt, bei der Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl kënnen d'Memberen déi Saachen ausstellen, déi si an hirer Fräizäit hiergestallt hunn. D'Asbl organiséiert dofir puer mol d'Joer Ausstellungen un deenen si hir Saache weisen an och verkafe kënne. D'Eliane Lothritz ass d'Presidentin, schonn am Fréijoer hat si dofir eng virtuell Ausstellung organiséiert.

Eliane Lothritz: Deen hate mir dunn vum 25. Mee un bis de 25. Juni. Wat eng flott Saach war wéinst Mammendag. An dee Maart ass sou gutt ukomm, souwuel bei eisen Aussteller wéi och dobausse bei de Leit.  An dunn hu mir geduecht, da musse mir dat selwecht nach eng Kéier fir Chrëschtdag maachen. Well jo och do d’Chrëscht- respektiv d’Adventsmäert ofgesot goufen. Dofir hunn mir elo eben e virtuelle Chrëschtmaart.
 
Am Fréijoer hunn eng 97 Aussteller matgemaach a waren och zefridde mam Resultat. 1200 bis 1500 Klicks den Dag waren op hirem Internetsite an deem Zäitraum gezielt ginn. De virtuelle Chrëschtmaart leeft elo u bis Chrëschtdag selwer. Wie kucke wëll goen, soll einfach op den Internetsite vun der asbl kucke goen. Dës Kéier ass näischt op de sozialen Netzwierker.
Eliane Lothritz: Also et ass esou, mir hunn en Internetsite an do huet ee scho mol Accès zu enger Ausstellerlëscht. Wou dann all eenzelen Aussteller drop ass. Mat de Saache wou een dann ebe presentéiert. Et ass am Fong wéi wann een iwwert en Hobbymaart schlendert. Mir maachen do sou verschidden Halen, wou d’Leit da kënnen uklicken a wou si dann eben deem Aussteller seng Fotoen, mam Text dobäi, mat der Beschreiwung. Et ass am Fong, wéi wann een um Hobbymaart vu Stand zu Stand géif goen. Sou geet een hei vun Hall zu Hall vun Aussteller vun Aussteller.
 

© screenshot hobbykl.lu

Et kann een et awer och dem Alphabet no zortéieren oder den Hobbyen no duerchkucken. Wärend dem Confinement wäre vill nei Saachen entstanen. Déi da vläicht och bei deem een oder aneren ënnert dem Chrëschtbeemche lande kéinten. Dat ass op alle Fall mol de Motto vum virtuelle Chrëschtmaart.
Eliane Lothritz:
De Motto ass Chrëschtdagscadeau, mee bon et si ganz vill Saachen dobäi, och Chrëschtdeko, mee et sinn och ganz vill Saachen dobäi déi sech net op Chrëschtdag bezéien. Ech mengen et kann een och e flotte Bijou kafen, oder en flott Holzskulptur oder Keramik. Mee et ass scho geduecht, dass d’Leit nach ee Cadeau fannen ouni mussen, sech wäit ze deplacéieren, dass si kënnen um virtuelle Maart ee Cadeau fannen um Chrëschtdag.
 
De Chrëschtmaart kann een dann dëst Joer vun doheem aus erliewen. E puer Virdeeler huet et jo, ëmmerhi kann een a sengem eegenen Tempo alles a Rou kucke ganz ouni Gedrécks an d'Wieder muss dëst Joer och net matspillen. Ma sou ganz dat selwecht wär et awer net. Et géif een de Kontakt mat de Clienten an deenen aneren Aussteller awer vermëssen. An 2021 sinn och schonn eng ganz Partie aner Eventer geplangt, dann awer warscheinlech oder hoffentlech nees an der realer Welt.

Fir déi richteg Stëmmung mam Kascht an der Chrëschtmusek muss een dann awer selwer suergen. Op d'mannst kritt een d'Fangeren dëst Joer net kal.

Hobby a Konschtmaart:

[link]http://www.hobbykl.lu/?fbclid=IwAR3q_YAJ6RGw0l6wOPYoFapRwr_F6C22oIxhRNNLzCDKMUQeC0tWJ4YjtFc[\link]

Virtuelle Chrëschtmaart vun der Ligue:

[link]https://www.ligue-hmc.lu/wp-content/uploads/2020/06/20201123-Online-Chr%C3%ABschtmaart-Katalog.pdf[\link]

De Chrëschtmaart zu Viichten :

[link]https://www.aktiv-viichten.lu[\link]