Hei roueg elo... Ech hunn elo gläich en Online-Meeting! Sidd Dir och an deem Rad dran? Kanner, Hausdéieren oder och mol plakeg Tatsaachen... esou munches kann an enger Videokonferenz schif goen, an tatsächlech wënscht een sech heiansdo einfach nëmme vis a vis vun engem Mënsch ze sëtze fir mat dem ze schwätzen. Mä loosse mer éierlech sinn, sinn et net awer grad déi Pannen, déi engem heiansdo e Laachen an d'Gesiicht zauberen?

02122020 Videokonferenzen - Wie kennt et och

Kleng Pannen sinn dann och elo wou mer nees méi vun doheem schaffen nees omnipresent an huet bestëmmt schonn deen een oder anere materlieft.

Wann d'Prinzessin doheem mol dem Chef vum ipad telefonéiert, oder dee klenge mam plakege Pupes duerch d'Bild leeft, ass nach harmlos wann et vun der Géigesäit mat Humor opgeholl gëtt...

Ëmgedréit kann et och fir déi jonk mol penibel sinn, wann ee vun den Elteren duerch d'Bild leeft oder d'Mamm hannendrun d'Wäsch an d'Kummer bréngt.

Fir eng agreabel Humoreinlag kann och de Matbewunner op 4 Patte suergen, wann deen sech matten an engem wichtegen Interview mol weise kënnt.

Ongewollten Invitéeën schéngen definitiv op esou Videokonferenzen a Live Interviewen net seelen opzetauchen.

De Saz -Hallo héiert der mech? Ass quasi de Renner vun all Videokonferenz a Problemer mat der Technik kënne je nodeem och ganz komesch oder lëschteg Situatioune schafen, an och de Rescht vun deene Sätz kennt der bestëmmt:

-Ass däi Mikro un?
-Du hänks grad…
-Si mer all do?
-Sorry dat war mäi Kand…
-Flotten Hannergrond hues de!
-Wou kënnt di Musek elo hier?

Wann esou Pannen optauchen, da weess een Natierlech och dass online net ëmmer alles riicht leeft, an och dat ass okay, esoulaang een et mat Humor huele kann an iwwert sech selwer laache kann.

An op der et gleeft oder net, fir all Typ vu Videokonfernzler gëtt et mëttlerweil schonn en Tirang. Nieft dem entspaante Familjemanager, deem seng Kanner am Hannergrond turnen, fanne mer och de Blender, deen uewen de Paltong an ënnen de Short unhuet, de Snacker, deen net eng hallef Stonn ouni Kichelchen oder Sandwich auskënnt, de Mëssverstaanenen, deen net wees wou seng Kamera un an ausgeet, a wou een de gréisstendeel vun der Zäit just Nuesenhoer vun no gesäit, an den Hannergrondfetischist, deen sech net just selwer stylt, ma och säin Ecran poléiert.