Falls Dir nach op de Sich no deem richtege Kaddo fir Är Léifsten oder vläicht och Är Clienten oder Äert Personal sidd, dann hu mir elo eventuell dat Richtegt fir Iech! D'Nicky Soisson mat den Detailer.

07/12/2020 Artists for Artists Christmas doheem

Chrëschtdag ouni déi passend Musek ass e bëssi wéi Ouschteren ouni Ouschterhues. Dat huet sech och eng Dose Kënschtler aus der Lëtzebuerger Musekszeen geduecht a pünktlech fir d'Feierdeeg eng lëtzebuergesch Chrëschtdagscd produzéiert. "Artists for Artists - Christmas Doheem" - esou heescht dës fonkelnei CD. Op ween Dir Iech hei freeë kënnt, erzielt eis den Initiateur vum Projet, de Steven Pitmann:

"Das sind 12 Künstler die hier in Luxemburg ihren Lebensunterhalt verdienen. Mit dabei ist der Lata Gouveia, Sascha Ley, Kid Colling, Sarah Candle, Francisco Fernandez, Fred Barreto, Gregório, Kinga Rose, Stephany Ortega, Christophe Reitz, Cheyenne Janas und meine Wenigkeit Steven Pitman. Wir haben uns zusammengeschlossen und haben uns gesagt wir kreieren was Schönes jetzt zum Jahresende um den Leuten ein bisschen Freude ins Haus zu bringen. Das Ganze wird vom Kulturministerium unterstützt, das heisst wir kriegen da eine finanzielle Unterstützung um die Produktionskosten abzudecken und sind natürlich sehr froh darüber."

Op dëser CD fënnt ee, passend fir d'Feierdeeg, exklusiv Chrëschtlidder. Vun deenen 12 Lidder si 5 Coversongs awer och 7 Originalsongs, dat heescht Lidder déi extra fir dëse Projet produzéiert goufen an dat a verschiddene Sproochen. Natierlech ass d'Iddi vun dëser CD awer net ouni Hannergedanken entstanen:

"Die Idee ist mir gekommen als es hiess es geht wieder in diesen Lockdown rein. Da war klar, dass alle Events die noch eventuell hätten stattfinden können, dass das alles zusammenbricht wie ein Kartenhaus und da habe ich die Idee gehabt zusammen was zu tun. Ursprünglich habe ich gedacht wir machen zusammen ein Onlinekonzert, aber das hilft finanziell nicht. Und dann kam ich auf die Idee eine CD zu produzieren. CDs sind ja momentan etwas out, es wird ja alles heruntergeladen und nur noch auf Spotify gehört. Aber ich habe gedacht eine CD wäre toll, man hat was zu verschenken, man kriegt was in die Hand und es ist einfach eine Unterstützung für die Musikszene.“

Duerch déi ganz Pandemie ass et effektiv schwéier fir d'Kënschtler, déi op Concerten ugewise sinn fir sech hire Liewensënnerhalt ze verdéngen, sech finanziell iwwer Waasser ze halen. D'Produktioun an de Verkaf vun der CD "Artists for Artists - Christmas doheem" soll hinnen d'Méiglechkeet ginn eng finanziell Ënnerstëtzung ze kréien fir dass si eis och an Zukunft nach kënne mat hirer Musek verwinnen. 

Ma doriwwer eraus ass et eng ganz gelonge Mëschung vun diverse Chrëschtdagsongs déi och fir Firmen als Kaddosiddi fir hier Clienten oder hiert Personal interessant kéint sinn:

"Wenns da draussen noch Firmen, Unternehmen, Gemeinden, Organisationen gibt die uns unterstützen wollen und ein tolles lokales Geschenk für ihre Kunden oder Mitarbeiter suchen, dann meldet euch einfach bei mir über unsere Homepage

"

D'CD kënnt Dir online bei hinnen um Site bestellen an ab muer kritt Dir se an all Cactus a Cactus Hobby am Land ze kafen.