Sief brav, wëll de Kleesche gesäit alles. D'Kanner schécken sech a kréien um Enn vum Joer dann e Cadeau vum Mann mam Baart. Dat ass e klengt Ofkommes dat schonn zanter Generatiounen tëscht Kanner an Eltere gemaach gëtt. E besonneschen Highlight fir d'Kanner ass et jo dann och fir de Kleeschen eng Kéier zu Gesicht ze kréien. Meeschtens besicht e jo och déi eenzel Gemengen, waart virun de Supermarchéen oder kënnt souguer bis an d'Schoul. An Zäite vu Social Distancing gëllt dat jo dann och fir de Kleeschen. Déi Péitenger Gemeng huet den hellege Mann awer invitéiert an zwar an den Drive-in.

04122020 Drive-in Kleeschen

Wien erënnert sech net gären dorunner zréck wéi en den hellegen Niklos déi éischte Kéier mat den eegenen Ae gesinn huet? Dee Mann iwwert deen een sou vill Geschichten héieren huet. D'Séissegkeeten, déi bei der Renconter eraussprangen, droe wuel bestëmmt och nach hiren Deel dozou bäi fir, dass de Kleeschen fir déi meeschte Leit eng schéi Kandheetserënnerung bleift. Dëst Joer huet sech d'Gemeng Péiteng dofir eppes Besonnesches afale gelooss. De Claude Kies ass de Responsabele fir d'Kultur an den Tourismus an der Gemeng. Bei hinne kann een de Kleeschen am Auto Drive-In kucke kommen.
Claude Kies: Jo dat ass jo och situatiounsbedéngt, wëll d’Kanner an sech néirens kënnen de Kleesche gesinn. Dass einfach dëst Joer net méiglech,wéi dat déi aner Jore war. A well mir einfach dee Site do hunn a wëll dee grouss ass a wëll dat Konzept vum Drive-In gutt geklappt huet, firwat loosse mir net d’Kanner mat hiren Elteren an de Site kommen. Deen awer, dat muss een awer soen nëmme fir Autoen op ass. Wou Kanner kënne laanscht de Kleesche fueren, wou si en kënne gesinn. An do mat all Sécherheetsmesuren, hir Titchen an den Auto gereecht kréien. An awer vun där ganzer Saach profitéieren.
 
D'Carena, de Site zu Péiteng wou dëst Joer ganz vill Eventer mat Auto-Drive-In waren, ass dëse Summer extra wéinst der aktueller Situatioun ëmgebaut ginn. Fir de Leit um kulturelle Plang awer eppes bidden ze kënnen.
Claude Kies: D’Carena ass ee Site, deen ofgerappt ginn ass. Mir hunn dee fir déi Eventer am Summer komplett amenagéiert, komplett gebotzt. Et muss ee soe bis dëst Joer louchen do nach, déi ganz Saache vum Tornado vun deenen zwou Gemenge Käerjeng a Péiteng. Dat hu mir alles gebotzt an accessibel gemaach fir d’Autoen. Mir haten en super Succès mat der Carena. An elo profitéiere mir einfach weider, wëll dat esou grouss an esou praktesch ass.
 
Ënner anerem waren do Concerten vum Serge Tonnar oder Gentlemen an et goufen och eng ganz Partie Filmer gewisen. Den héije Besuch aus dem Himmelsland elo am Dezember ass awer just fir d'Kanner aus der Gemeng geduecht bis zum Cycle 3.1. Ëmmerhi sinn dat der schonn 1300.
Claude Kies: Déi Kanner, déi invitéiert sinn, hunn e personaliséierte Bong heem kritt. Déi komme mat hiren Elteren am Auto op de Site, fueren duerch ee schéine Bou eran. A kënnen sech dat bëssen ukucken, et ass musikalesch ënnerbonnen. Si dierfen allerdéngs net aus dem Auto erausklammen. Si gesinn de Kleesche wann si laanscht fueren.
 
D'Gemeng Péiteng sinn awer och net déi eenzeg, déi sech fir dëst Joer eng méi speziell Versioun afale gelooss hunn. An der Gemeng Steesel kënnt den hellege Mann mam Oldtimer a bréngt de Kanner d'Titche bis bei d'Dier an zu Koler verschéckt en säi Message iwwer Whatsapp. Fir just e puer Beispiller ze nennen. De Kleesche mécht also och an Zäite vu Corona keen Home-Office am Himmelsland.

Zanter leschtem Joer ass de Kleeschen iwwregens offiziell als immateriellt Kulturierwen opgeholl ginn. Also et geet net just ëm d'Titche mat all de Schneekegkeeten.