Natur an Ëmwelt setze sech zanter 100 Joer fir Natur an. Am Buch "E Bléck an eis Natur vun A bis Z" gëtt elo d'Geschicht vun deenen erzielt déi sech onermiddlech fir eis Natur asetzen. Et kritt een en Abléck iwwer Projeten a Partner déi der A.S.B.L iwwer Joren ewech wichteg waren. Awer net nëmmen.

E Mëttwoch schonn haten déi Responsabel vun Natur & Ëmwelt op en Online-Event invitéiert. D'Buch "E Bléck an eis Natur vun A bis Z" gouf digital op Youtube virgestallt. Lea Bonblet vun Natur & Ëmwelt verréit, firwat e Buch a wien alles dru matgeschafft huet.

04122020 Wat fanne mer am Buch

Buch resuméiert engersäits Geschicht vun Natur & Ëmwelt. Et ass e Wierk wat esou gewuess ass wéi d'ASBL och. Aus verschiddenen Associatiounen. Den Objet huet e bësse gewiesselt, et ass vum réngen Vullebeobachtung, Vulleschutz si mer ëmmer méi wäit gaangen op Natur an Ëmweltschutz. Et si vill Leit déi matgewierkt hunn. Et hunn iwwer 40 Auteuren um Buch matgeschafft. Verschidde Fotografen déi Material geliwwert hunn, Sou dass dat Buch dat erëmspigelt wat Associatioun ass. Ganz villfälteg vun den Aarbechten hier, vun de Projeten hier an och vun de Leit déi matwierken an den Tätegkeeten déi se maachen innerhalb vun der Associatioun.

Buch ass dann och ganz speziell opgedeelt.

04122020 Opdeelung vum Buch

Et ginn 3 grouss Deeler. Eng Zort Lexikon mat Erklärunge vu Begrëffer a Stéchwierder ronderëm den Natur & Ëmweltschutz allgemeng an awer och zu Lëtzebuerg a vun Natur & Ëmwelt. Et sinn eng Partie Fotoreportagen a geschriwwe Reportagen dra wou verschidde Projete méi wäit erausgegraff ginn, z.B vun der Fleegestatioun vu Wëlldéieren. Spannend ass och de Reportage vun de Schmuewelen déi eemol hunn dierfe mat der Luxair fléien. Am nächste groussen Deel ass den Historeschen Deel dran. Hei gëtt an 10 Joresschrëtt d'Geschicht vun de Veräiner beschriwwen. Um Enn hu mer nach eis Lokalsektiounen. All Sektioun huet hei hier Säit mat hire wichtegste Projeten an hire lokalen Anekdoten.

Wat kascht Buch a wou kann een et kréien?

04122020 Wou kritt een Buch

An all Bicherbuttek. Am Haus vun der Natur op der Kockelscheier oder och am Biodiversum zu Rëmerschen. Et kascht 45 Euro. Fir 50 Euro kritt een et och mat der Post heem geschéckt. Wann ee Member ass an et kënnt een et bei eis Kockelscheier sichen da kritt een et zum Präisvirdeel fir 35 Euro.