
© Pixabay
Fir ze wësse wou den Adventskranz hierkënnt, musse mer zeréck goen un den Ufank vum 19te Joerhonnert, an d'Joer 1839, a Norddäitschland. Den Edmond Ries, Paschtouer am Dekanat Süden, kennt déi ganz Geschicht.
"... an de Mann, deen d'Iddi vum Adventskranz hat, deen heescht Johann Hinrich Wichern. E war Pädagog an evangeleschen Theolog an huet mat Stroossekanner geschafft. A fir d'Kanner op Chrëschtdag virzebereeden, koum en op den Adventskranz. Dem Wichern säin Adventskranz huet awer anescht ausgesinn ewéi eisen Adventskranz haut. De Mann huet einfach en hëlzent Rad geholl vun engem Won, e Rad mat Speechelen, an huet 4 rout Käerzen drop gebonnen fir déi 4 Adventsonndeger. Dobäi huet en och nach 24 wäiss Käerzen gesat fir déi aner Deeg."

© Pixabay
Am Joer 1925 hunn d'Katholiken d'Iddi vum Adventskranz iwwerholl, an e bëssen enger anerer Form mat dem Gréngs ewéi mer et haut kennen. Derhannert stécht eng grouss Symbolik. De Kranz ass ronn a steet domadder fir d'Onendlechkeet, also och Gott.
"...an do sinn dann zweetens déi véier Käerzen an d'Zuel 4 steet fir déi véier Himmelsrichtungen oder fir déi véier Joreszäiten. Am Resumé kéinte mer also soen: D'Zuel 4 symboliséiert eis Welt an och eisen Universum an domat d'Endlechkeet. De Krees verbënnt sech da mam Quadrat , souzesoen d'Onendlechkeet verbënnt sech mat der Endlechkeet, d'Gëttlechkeet verbënnt sech mat der Mënschheet- an dat ass jo dann op Chrëschtdag."
Elo wësse mer also Bescheed, wa mer e Sonndeg déi zweet Käerz um Adventskranz ufänken :-)