D'UNESCO offréiert am Kader vum UniTwin-Programm zanter 1992 sougenannten UNESCO Chairs, oder Léierstill. Domat soll de But vun der Organisatioun an der Wëssenschaft a Bildung an an der globaler Zesummenaarbecht gefërdert ginn. 

10/12/2020 Mënscherechter - Unesco Chair Uni.lu

D'UNESCO offréiert am Kader vum UniTwin-Programm zanter 1992 sougenannten UNESCO Chairs, oder Léierstill. Domat soll de But vun der Organisatioun an der Wëssenschaft a Bildung an an der globaler Zesummenaarbecht gefërdert ginn.
Den UNESCO-Chair fir Mënscherechter steet fir en interdisziplinären Zougang zu de Mënscherechter, duerch d'Léier, d'Fuerschung an den ëffentlechen Engagement. Fuerschungsprojete konzentréieren sech op déi Europäesch Unioun als Acteur fir Mënscherechter, Grondrechter, Gerichter a Politikprozess.
De Professer Robert Harmsen koum 2008 op d'Uni Lëtzebuerg als Prof fir Politikwëssenschaft an ass Expert fir déi europäesch Mënscherechtskonventioun. De Bilan, seet hie selwer, ass den Ament duerch d'Krise net ganz positiv, duerch eng global Regressioun um Plang vum Respekt an dem Schutz vun de Mënscherechter.

Duerch déi aktuell Restrictiounen hunn dësst Joer verschidden Aktivitéiten mussen ofgesot ginn, dofir ginn awer am nächste Fréijoer zwee international Colloquen online organiséiert, een dovunner am Mäerz, iwwert den Islam an d'Menscherechter, zesumme mat der Luxembourg School of Religion and Society, an der Uni Tübingen.

Weider Informatiounen fannt der um Site vun der Uni Lëtzebuerg bei der UNESCO Chair fir Mënscherechter, mat hiren Aktivitéiten, de Colloquen, an och de Public ass hei wëllkomm bei den Debaten an Diskussioune matzemaachen.