„Mir wëllen iech ons Heemecht weisen“ ass net just eng Zeil aus dem Méchel Lentz sengem „Feierwon“, ma och de Numm vun enger Associatioun, déi 2015 ënnert anerem vum Museker Serge Tonnar an d'Liewe geruff gouf. An deN Numm ass Programm. Duerch Konscht a Kultur bréngt déi lokal A.s.b.l. Flüchtlinge mat Lëtzebuerger zesummen an ënnerstëtzt esou den interkulturellen Dialog. Eent vun deene villen Evenementer, déi all Joers organiséiert ginn, ass dat traditionellt „Fest vun der Heemecht“, bei deem och lo den 13. Dezember nees d'Musek am Virdergrond steet, Sandy Elsen.

Fest vun der Heemecht 10/12/2020

D'Kultur ass eng Sprooch, déi iwwerall op der Welt verstane gëtt a genee aus dësem Grond ass si och dat beschte Mëttel zur Integratioun. Ob Danz, Theater oder Musek - Kultur erlaabt et Mënschen aus deene verschiddenste Kulture sech zesumme kreativ auszedrécken an interkulturell Brécken ze bauen. Sou dréit och dat traditionellt „Fest vun der Heemecht“, zum Austausch vun de Kulture bäi. sou d'Maida Halilovic, Projets-a Kommunikatiouns-Managerin vun der Associatioun „Mir wëllen iech ons Heemecht weisen“.

Fir d'Editioun 2020 huet natierlech missen e Format hier, dat zu där aktueller sanitärer Situatioun passt. D'Léisung ass ee Live-Stream, un deem een iwwer de Facebook-Site oder de Youtube-Kanal vun der Asbl deelhuele kann.

De Georges Urwald, d'Fruz Tonteling, d'Marly Marques, d'Annemie Osborne an de Serge Tonnar vertrieden e Sonndeg déi Lëtzebuerger Musekszeen. Mat vun der Partie ass awer och deen iranesche Museker Tohid Tohidi. 2012 koum hien als Demandeur d'asile op Lëtzebuerg, ma zanter 2014 ass hien offiziell Lëtzebuerger Resident. Et war net just de Kontakt zu Awunner a nationalen Artisten, ma virun allem déi Lëtzebuerger Musek, déi dem Tohid bei der Integratioun vill gehollef huet. 

© Tohid Tohidi a Maïda Halilovic

Rendez-vous fir dëst musikalescht Multi-Kulti-Fest ass dëse Sonndeg Nomëtteg vun 17 Auer un.  

Wien de Veräin „Mir wëllen Iech ons Heemecht weisen“ ënnerstëtzen an doduerch selwer ee Bäitrag zur Integratioun vu Flüchtlinge leeschte wëll, dee kann dat mat engem Don maachen – ganz nom Motto: „En Don fir den Dialog“.

Weider Informatioune fannt Dir ënnert