Wann een soss vun de Feierdeeg geschwat huet, dann war et eng Zort déjà vue. "Alles Jahre wieder" gëtt et dëst Joer emol net, dat ass sécher, a wéi et gëtt weess och kee genee. Sécher emol anescht. Eng Fro wëll de Marc Keipes, den Direkter vum Zitha Gesondheetszenter awer emol klären. Wéi steet et mat der Fondue. Gutt Iddi oder soll een léiwer d'Fanger oder d'Forschette dervunner loossen?

Dës Etüd konnt eigentlech just aus der Schwäiz kommen. An den soziale Medien zirkuléiert eng Karikatur wou 4 Leit mat Fëscheraangelen zesummen Kéisfondue iessen. Riskéiert een wierklech eng Coronainfektioun duerch d'Fondue, doduerch dass jiddereen am selwechten Dëppen réiert?

09-12-2020 Tipp Gesondheet (1) - Marc Keipes - Fondue fir Chreschtdag

d'Spannung bleift bis zum Schluss, well ech mengen jiddereen deen elo lauschtert wëll wëssen wat bei der aktueller Etüd erauskoum?

Am Prinzip ass d'Temperatur am Caquelon waarm genuch fir den Virus futti ze maachen. Aus Virsiicht sollt een awer 2 Forschetten gebrauchen. Eng fir d'Brout an de Kéis ze zappen an eng fir vum Teller an de Mond. D'Zort vum Kéis ass awer egal. Dat gëllt och fir Fleeschfondue. De Risk vis à vis ouni Mask ze sëtzen ass do deen eenzegen Risk.

09-12-2020 Tipp Gesondheet (2) - Marc Keipes mat der Aentwert

Elo wësse mer zwar nach net, zu wéi vill mer fir d'Feierdeeg zesummen iesse kënnen, awer wat méiglech ass, ass gekläert. Passt egal wéi just op äert Brout op, well wien dat verléiert gëtt e Patt. Corona hin oder hier.