Dat konstatéiert d'ACAT, d'Action des Chrétiens pour l’Abolition de la Torture. Christina Fabian ass Presidentin vun dëser Associatioun. Mir wollte wësse wéi a wou d'Mënscherechter op der Welt aktuell mat Féiss getrëppelt ginn.

10/12/2020 Folter gëtt ëmmer méi sophistiquéiert

D'ACAT, d'Action des Chrétiens pour l’Abolition de la Torture huet sech am Zesummenhang mam Vietnamkrich gegrënnt an ass a ville Länner aktiv dorënner och Lëtzebuerg. Den Terrain ass haaptsächlech an afrikanesche Länner. D'Engagement geet ë.A géint politesch Folter. Et schafft ee ganz enk mat Amnesty zesummen. Folter ass esou al wéi d'Mënschheet, wéi Christina Fabian vun der ACAT, eis am RTL Interview erkläert huet.

10122020 Foltermethoden

Mënschen hu schonn ëmmer eng pervers Fantasie entwéckelt wéi een aner Mënsche quäle kann a wéi een ënner Folter bestëmmten Aussoen erpresse kann. Wat dat schlëmmst ass, ass, dass mam technesche Fortschrëtt och déi Methode moderniséiert hunn . Wat an all de Folterstaate beléift ass, ass esou ze folteren dass et keng siichtbar Spueren hannerléisst.

Well déi Aart a Weis ze foltere onopfälleg ass. Dowéinst ass se vill méi schwéier nozeweisen. Dorënner falen z.B Elektroschocken an alles wat keng kierperlech Spueren hannerléisst, woubäi déi psychesch Suitte genee esou schlëmm sinn. Ma och déi traditionell Folter gëtt leider nach ëmmer praktizéiert. Nach eemol Christina Fabian.

10122020 Traditionell Folter

Déi aner Aart vu Folter ass och scho ganz al. Et ass Folter déi sech an der Haaptsaach géint Frae riicht. D'Vergewaltegung oder d'Menace vu Vergewaltegung. Dat ass nach ëmmer a ganz ville Länner de Fall. Et gëtt leider ëmmer nach déi al Form u Folter wéi mer se aus dem Mëttelalter kennen. Ech ginn nëmmen ee Beispill: Stengegung. Eppes wat am Pakistan oder a Saudi Arabien z.B ass duerchaus nach ëmmer um Ordre du Jour.

Déi gréisste Problemer ginn et de Moment am noen Osten.

10122020 betraffe Länner

Tatsächlech am Iran am Irak a Syrien, also haaptsächlech an de Krichlänner wat Folter ugeet. Et muss ee jo leider och soen, dass zanter dem 9.11 d'Folter och erëm a westleche Länner Salonsfäeg ginn ass.
Stéchwuert Waterbording.

Déi deemoleg amerikanesch Regierung war do jo ganz déif dra verstréckt. Dat ass jo och ni richteg opgeschafft ginn. Dat ass natierlech besonnesch schlëmm, déi westlech Staaten also Demokratië solle fir e Rechtsstaat stoen. Suitte vun 9.11 ware fir de Kampf vu Folter an Doudesstrof extrem verhängnissvoll.

Christina Fabian geet och net dovun aus dass een eng Welt ouni Folter erreeche wäert, och wann Zuelen vun den Hiriichtungen liicht réckleefeg sinn. D'ACAT weist déi betraffe Länner drop hin a mécht souzesoen "schlecht Reklamm" wat Handelsaccorden stéiere kann. Virun allem awer sollen déi Betraffe de Mutt ni verléieren a wëssen dass et Organisatiounen op dëser Welt gëtt, déi sech fir d'Recht vun de Mënschen asetzen an näischt onversicht loossen, fir déi Betraffen, déi an de Prisongen gefoltert ginn erëm op fräie Fouss ze kréien.