Am September dëst Joer huet eng nei Ära zu Lëtzebuerg ugefaangen. Déi éischt Schrëtt si gemaach ginn, fir de Radio ze digitaliséieren. Dat war awer just eng Testphase vun der digitaler Diffusiounsnorm DAB+, déi op 3 Méint ausgeluecht war. An déi kënnt dëse Weekend op een Enn.

18-12-2020_Den DAB Test zu Letzebuerg geet op en Enn

An där Testphase ass et drëm gaangen, fir eraus ze fannen, ënnert wéi enge Konditiounen et iwwerhaapt méiglech ass, Radiosprogrammer am DAB+ kënnen zu Lëtzebuerg ze diffuséieren.

Well awer net einfach esou kann drop lass gesent ginn, muss een eng Autorisatioun hunn, déi d'Frequenzen déi genotzt ginn och international koordinéiert, fir auslännesch Programmer oder aner Servicer déi no un deene Frequenze senden, net ze stéieren.

Fir den Test ass et eng provisoresch Autorisatioun ginn, déi et erlaabt huet, 3 Méint laang am DAB+ ze diffuséieren. Déi ass elo ausgelaf, an dofir gëtt net méi weider am DAB+ gesend. Bis op Weideres.

Well och wann d'Testphase eriwwer ass, heescht dat net, datt den DAB+ zu Lëtzebuerg keng Zukunft huet. An där Testphase sinn vill technesch Erfarunge gesammelt ginn, an och de Feedback vun eisen Nolauschterer war vill wäert. D'BCE, déi dësen Test am Optrag vum Service des médias et des communications vum Staatsministère duerchgefouert huet, mécht elo ee Rapport mat de Resultater vum Test

Jacques Thill, Attaché vum Service des médias et des communications am Staatsministère: "Mir wäerten déi Resultater intern evaluéieren an dann Ufank 2021 eng Feuille de Route presentéieren fir den DAB+ hei zu Lëtzebuerg. Déi lescht Méint ass de reglementaire Kader scho virbereet ginn. Déi Aarbechte solle Mëtt 2021 ofgeschloss sinn, an déi éischt Programmer dierften da fir d'Rentrée 2021 iwwer DAB+ zu Lëtzebuerg diffuséiert ginn."

Dat léisst dann och genuch Zäit, fir déi technesch Problemer déi wä rend dem Test opgefall sinn, kënnen unzegoen, a bis zum reguläre Start vun DAB+ zu Lëtzebuerg prett ze sinn, datt d'Nolauschterer och vun alle Méiglechkeete vun där neier Norm, och  am Zesummespill mat aneren Diffusiounsweeër, profitéiere kënnen.

Weider Sujeten iwwert dësen Thema:

Hei deen offizielle Communiqué:

Étude préparatoire au déploiement du DAB+ désormais finalisée (18.12.2020)

Communiqué par: Service des médias et des communications (SMC)

Le Service des médias et des communications du ministère d’État informe que l’étude préparatoire lancée en collaboration avec le Broadcasting Center Europe (BCE) en septembre 2020 en vue du déploiement du standard de radiodiffusion numérique DAB+ (Digital Audio Broadcasting) au Luxembourg vient d’être finalisée.

L’étude a permis au Service des médias et des communications d’analyser les prérequis techniques et financiers du DAB+ et elle a permis aux stations de radio de réaliser d’ores et déjà des tests préliminaires.

Les résultats seront analysés en interne et sur base de cette évaluation sera rédigée la feuille de route DAB+ nationale, qui fixera le calendrier du déploiement pour l’année 2021.

La mise en place d’un réseau de diffusion en norme numérique DAB+ sera complémentaire au réseau de radiodiffusion sonore existant et sera ainsi bénéfique au pluralisme médiatique.