Haut feiere mir den 100. Gebuertsdag vum Grand-Duc Jean deen eis leider well den 23. Abrëll 2019 am Alter vun 98 Joer verlooss huet. Eng traureg Nouvelle déi ganz vill Leit beréiert huet. Sou och den David Ianni dee kuerzerhand d'Initiative geholl hat fir e Stéck fir de Grand-Duc Jean ze schreiwen. D'Nicky Soisson huet sech mat him ënnerhalen.

05012020 David Ianni e Museksclip fir dem Grand Duc Jean sain 100 Gebuertsdag

De Lëtzebuerger Pianist a Komponist David Ianni deen ënnert anerem duerch säi Projet My urban Piano bekannt gouf, war iwwert d'Nouvelle vum Grand-Duc Jean sengem Doud, wéi ganz vill Lëtzebuerger, immens betraff an hat kuerzerhand d'Iddi e Stéck als Hommage un de Grand-Duc ze schreiwen:

"Wou ech Moies d'Noriicht héieren hunn, dass de Grand-Duc Jean gestuerwen ass, do huet mech dat betraff gemaach an ech war wierklech immens beréiert an et ass mir bewosst ginn, dass de Grand-Duc Jean eise Grand-Duc war an och mäi Grand-Duc, e Mënsch deen eng wichteg Roll gespillt huet fir vill Leit, fir eis Lëtzebuerger. En ass ëmmer immens sympathesch, waarmhäerzeg eriwwer komm. Einfach ee Mënsch deen d'Häerzer beréiert huet. Dat war eben och bei mir esou de Fall an dofir hat ech de Wonsch e Stéck als Hommage fir hien ze schreiwen, hu mech un de Fligel gesat a wärend 2-3 Deeg quasi non stop dru geschafft. Dat war du fir mech eng ganz schéin Aart a Weis dem Grand-Duc ebe Merci ze soen."

Entstanen ass esou eng wonnerschéi Kompositioun mam passenden Titel "Adieu". U sech war geplangt fir den 1. Doudesdag vum Grand-Duc Jean den 23. Abrëll 2020 och nach de passende Museksclip erauszebréngen. Ma de Lockdown hat dunn awer leider als éischt mol e Stréch duerch d'Rechnung gemaach:

"Ech war als éischt natierlech enttäuscht an hat awer scho well kuerz virdrun ugefaangen eng Orchesterversioun ze schreiwen well ech vun Ufank u gespuert hunn, dass dat Stéck nach net alles seet an der Soloversioun, dass ech eigentlech méi zum Ausdrock well bréngen an dofir hunn ech aner Instrumenter gebraucht, am Fong e ganzen Orchester eben. Esou hunn ech dann déi Zäit genotzt fir d'Orchesterversioun fäerdeg ze stellen a konnt am August, déi Zäit wou eben d'Corona Reegelen net ganz sou streng waren, déi nei Versioun mat Orchester ophuelen a schlussendlech duerfte mer dunn och am September zu Bierg um Schlass filmen wat eng wonnerbar Erfarung war. D'Ekipp vum Haff war wierklech immens hëllefsbereet a super professionell organiséiert. A mir haten och nach Chance mam Wieder sou dass mir du wierklech an 2 Deeg e super schéine Video konnte filmen. A wann ech soe "mir" da mengen ech domadder och virun allem mäi Regisseur, den David Draad, mat deem ech schonn oft zesumme geschafft hunn deen eben och fir dëse Projet extra aus Dänemark ageflu ginn ass fir eben den "Adieu" Video ze filmen."

Nodeems dee geplangte Videoclip net fir den 1. Doudesdag konnt erauskommen, hat den David awer spontan eng aner Iddi:

"Ech hat d'Méiglechkeet an engem Gespréich mam Grand-Duc Henri eisem Grand-Duc ebe vun dëser Iddi ze erzielen an hien huet meng Initiative direkt begréisst, ënnerstëtzt. Well dat schlussendlech dann op dem 1. Doudesdag net méiglech war wéinst Corona, hat ech dann d'Iddi fir et e bëssi anescht unzegoen an zwar fir d'Partitur déi entretemps verëffentlecht ginn ass, fir déi eng Zäit laang gratis zur Verfügung ze stellen sou dass Museker vun iwwerall sech konnte fir e Projet, dass se géingen hir ganz perséinlech Interpretatioun eraschécken a Form vun engem klenge Video an dass mir dat géifen zesummeschneiden. Sou hu mer da fir den 1. Doudesdag net dee geplangte Video gemaach mee eben e kooperative Video souzesoe mat ganz ville Museker, jonk an al, déi matgewierkt hunn wat mech perséinlech och immens beréiert huet einfach ze gesi wéi kreativ d'Leit vun iwwerall mat deem Stéck ëmgaange sinn. Dat war dunn awer och e schéinen Hommage fir den 1. Doudesdag."

Pünktlech fir dem Grand-Duc Jean säin 100. Gebuertsdag kënnt de Museksclip dann haut offiziell eraus. Ukucke kënnt Dir Iech deen op rtl.lu.

An och den Owend kuerz viru 7 Auer op der Tëlee ass de Videoclip ze gesinn.

D'Soloversioun vun dësem Stéck ass well um David Ianni sengem Album "Farewell Prayers" ze fannen deen am Dezember 2019 erauskoum an déi nei Versioun fir Piano an Orchester wäert et dann op sengem nächsten Album ginn.