Den 28. Dezember war et no laangem Waarden souwäit, déi 1. Impfunge géint de Covid-19 goufe gemaach! Domat war dann e Liichtbléck geschaf, no engem laangen an ustrengenden Joer dat vill vun eis staark op d'Prouf gestallt huet. Enger zwar net representativer Ëmfro no wëllen aktuell nëmme 55% vun den Awunner sech géint de Virus impfe loossen. Et ginn, sou d'Ausso dacks, einfach nach ze vill oppe Froen an Zweiwel wat dës nei Impfung ugeet. Genee dat hunn d'Hôpitaux Robert Schuman sech zu Häerz geholl, Nicky Soisson.

04012020 Webinar iwwert d Anti Covid Impfung

Well d'Demande no kloren Informatiounen iwwert d'Impfunge géint de COVID-19 immens grouss ass, organiséieren d'Hôpitaux Robert Schuman (HRS), an Zesummenaarbecht mat Santé Services S.A., muer den Owend deen éischte Spidolwebinar zu Lëtzebuerg fir de Grand-Public. Ënnert dem Titel "Vaccin anti-COVID: vous avez la parole ! » geet et an dëser online Konferenz drëms iwwer d'Vaccinatioun an de Vaccin géint de Covid-19 ze informéieren. Den Dokter Gérard Schockmel, médecin consultant en maladies infectieuses aux HRS, wäert Iech dann och muer den Owend vun 18:30 bis 19:30 op Är Froen äntweren.

De Marc Glesener, responsabel fir d'Kommunikatioun vun den HRS an Administrateur Délégué vu Santé Services S.A.“ erkläert:

"Dëse Webinar reit sech an an eng ganz Strategie vun Informatioun vun den Hôpitaux Robert Schuman wou mir souwuel de Grand Public, virun allem awer och eis Mataarbechter, d'Fleegekräften, d'Dokteren an och dat administratiivt Personal wëllen informéieren wat et mat där Vaccinatioun op sech huet an dobäi äntwere mir ganz gären op all déi Froen déi d'Leit sech stellen."

Zweck vun deem Webinar, wat eng nei Form vu Kommunikatiounsmëttel ass, ass et interaktiv mat de Leit kënnen a Kontakt ze trieden ouni grouss Konferenzen ze organiséieren:

"Mir hunn als Hôpitaux Robert Schuman a Santé Services dat do gemaach virun e puer Wochen wou mer bei eis Experten intern aus der Klinik Froe vu Generalisten déi um Terrain Covid Patiente behandelen, beäntwerte gelooss hunn. Dat war e groussen Erfolleg. Mir probéieren an Zukunft verstäerkt déi digital Weeër ze notzen fir d'Informatiounen un d'Leit ze bréngen."

Fir un dësem gratis Webinar deelzehuele geet et duer sech um Site vun den Hôpitaux Robert Schuman anzeschreiwen:

"Do fënnt een da sämtlech Informatiounen iwwert dee Webinar an och de Lien wéi ee sech kann aschreiwen a wéi ee ka Froe stellen."

De Webinar iwwert d'Anti-Covid Impfung gëtt op lëtzebuergesch a franséisch ofgehalen:

"Wann awer Froe gestallt ginn an enger anerer Sprooch gëtt evidenterweis och geäntwert, dat kann englesch oder däitsch sinn."

Wann och Dir Är Froe wëllt lass ginn, da mellt Iech, wéi gesot, op der Internetsäit vun den Hôpitaux Robert Schuman un an Dir kënnt muer den Owend um 18:30 mat dobäi sinn wann den Expert Dokter Gérard Schockmel Äntwerte gëtt.

Hei ass den direkte Link fir Iech anzeschreiwen: