An engem Eenheetsakt hunn d'COVID-19 Impfungen uechter d'Europäesch Unioun de 27. Dezember dat lescht Joer ugefaangen. Ganz nom Motto "Mir kënnen d'Pandemie nëmme permanent mat enger effektiver a sécherer Impfung iwwerwannen", mécht d'EU Kommissioun alles fir esou vill wéi méiglech Impfdosissen ofzesécheren an huet aktuell well zwou COVID-19 Impfungen ugeholl déi als sécher an effektiv klasséiert goufen. Wann een dann elo geimpft gëtt, Nicky Soisson, hätt ee jo theoretesch dann elo scho well de Choix, oder?

22012021 Impfdag wei een Impfstoff soll et da sinn

Effektiv sinn, Stand haut, 2 Impfstoffer an Europa zougelooss: dee vu Biontech and Pfizer an dee vu Moderna. Anerer wäerten deemnächst nokommen, virop dee vun AstraZeneca. Virun deene verschiddenen Impfstoffer stellt sech natierlech bei ville Leit d'Fro ob ee sech säin Impfstoff dann och selwer erauswiele kann. Den Dokter Thomas Dentzer, Coordinateur Attaché à la Direction beim Gesondheetsministère erkläert:

"Wann ee weess, dass déi 2 Vaccinen am Fong ganz gutt wierken a bis zu 95% vun de Leit schützen déi de Vaccin kréien, hu mir ëmmer Leit déi net drop reagéieren oder wéineg drop reagéieren. An déi Zuele wäerte mer elo an den nächste Wochen a Méint gesinn an da gesi mer vläicht bei deem engem fonctionéiert deen do Impfstoff besser a bei deem aneren deen aneren. Am Moment gëtt et keng Indikatioun, dass de deen een oder anere solls kréien a logistesch gesinn ass dat natierlech och méi e groussen Opwand woufir dat am Moment net gemaach gëtt. Mee herno wann dat sech e bëssi méi arodéiert huet, verschidde Vaccinen um Marché sinn da wäert dat awer och esou sinn hei ech ginn dann éischter deen do wéi deen doten."

All Mënsch kann a soll idealerweis geimpft ginn, dat wier op jiddwerfalls de Wonsch vun eiser Regierung well et aktuell déi beschte Waff ass déi mir hu fir géint de Virus ze kämpfen! Deemno huet Lëtzebuerg, iwwert d'EU, dann och genuch Impfstoff bestallt fir all Mënsch kënnen ze impfen deen dat well. Zil ass et schlussendlech, dass de Covid-19 eis kuerz- oder mëttelfristeg net méi esou beanträchtegt wéi en dat déi lescht 11-12 Méint gemaach huet. Allerdéngs heescht et oppasse mam Impfe wann ee krank ass:

"Et ass wéi ëmmer bei all Impfung wann ee Féiwer huet oder wann et engem net gutt ass da soll ee sech net impfe loossen. Wann een dat iwwerstanen huet an et huet ee keen héicht Féiwer méi, et huet ee keng Symptomer méi, da kann ee geimpft ginn. Firwat soe mer dat? Dat ass eng Mesure de précaution eigentlech well wann ee krank ass da kämpft säi Kierper jo scho géint iergend eng Krankheet un a wann ee geimpft gëtt da weist een dem Kierper jo och nach eng aner Krankheet, dat heescht e muss och nach géint déi kämpfen. An da gegebenfalls gëtt een dann einfach nach méi krank souguer wann ee krank ass an da geimpft gëtt. Dofir seet een da waart een einfach e puer Deeg oder eng Woch oder zwou an dann impft ee sech dann."

Wann een der Invitatioun sech impfen ze loossen net nokomme kann, sief et well ee grad krank oder soss verhënnert ass oder awer einfach nach e bëssi zéckt, heescht dat awer net, dass deen Zuch da laanscht ass: 

"Nee natierlech net. An enger 1. Phas ass et esou, dass wann d'Leit ageluede gi solle se sou schnell wéi méiglech de Rendez-vous huele fir dass mir och sou schnell wéi méiglech den Impfstoff kënnen ënnert d'Leit bréngen a mir lueden déi Leit jo an, baséierend op d'Prioritéitelëschten, d'Leit aus dem Gesondheetssecteur a virun allem déi vulnerabel Leit déi och vermehrt krank ginn an och leider kënnen dru stierwen. Dat heescht wann een elo net ka well een ebe Féiwer huet oder well ee soss verhënnert ass, da kann een awer nach geimpft ginn. Mee am Moment ass et esou, dass mir et logistesch net kënne garantéieren, dass een dann d'nächst Woch oder déi Woch dono geimpft gëtt."

Deemno heescht et dann eventuell nach e bëssi waarde bis een dann awer un d'Rei komme kann. Op jiddefalls brauch keen ze fäerten, dass net genuch do wier!

Hei ass nach e weideren Deel aus dem groussen Interview mam Dr Thomas Dentzer: Wat fir Zorten Impfunge ginn et dann?

22012021 Et gi vill verschidden Impfungen (INTERNET)