Kee muss sech géint de Corona-Virus impfe loossen. Wien et mécht, dee freet zu Recht wat ginn et fir Nieewewierkungen. Eent virwech, et gëtt Niewewierkungen. Bei all Impfstoff ginn et Niewewierkungen. Den Dokter Thomas Dentzer, Coordinateur attaché à la Direction beim Gesondheetsministär huet eis méi doriwwer verroden.

22012021 Impfdag Wat sinn Niewewierkungen

D'Impfung ass do an elo? Soll ee se maachen oder soll ee se aus Angscht virun den Niewewierkunge léiwer si loossen. D'Impfstoffer vun haut verstoppe manner Niewewierkunge wéi dat nach fréier de Fall war. Den Dokter Dentzer aus dem Gesondheetsministère.
 
Fir d'éischt muss ee soen, wéi en Impfstoff kréien ech. Wann ech elo mat engem Impfstoff geimpft gi wou ee Virus ass, also en denaturéierte Virus oder Stéck vum Virus. Dee mécht ee wierklech och esou krank wéi wann een de Virus hätt, villäicht och e bësse manner. An do kann een dann och krank ginn. Dat ass dat Éischt. All Impfstoff, och wat do elo ass mat der Messenger RNA oder Proteinnen, de Kierper reagéiert op dat wat an de Kierper era kënnt, do ass et egal op dat elo eng Bakterie e Virus ass. De Kierper reagéiert dorop a baut eng Äntwert op dogéint fir deen Eindringling ënner Kontroll ze kréien oder futti ze maachen. Elleng scho wann ech gesprëtzt kréien, reagéiert mäi Kierper.
 
Wat sinn dann d'Niewewierkungen déi een do observéiert huet?
 
Et kann ee Féiwer maachen, Kappwéi kréien a sech Midd fille well de Kierper eben intern kämpft. Dat ass eng ganz normal Reaktioun. Dat gesi mer bei deen heiten Impfstoffer. Dat ass awer elo net esou dramatesch dass ee géing dru stierwen. An der Vergaangenheet war et esou dass déi Impfstoffer déi gesprëtzt goufen net esou gewierkt hunn, wéi ee sech dat virgestallt huet.
 
Fir déi Produite méi effikass ze maachen, goufen aner Saachen ënnert de Vaccin bäi gemëscht.
 
Do huet ee Quecksëlwer a Sëlwer bäigemëscht fir de Kierper ze stimuléieren. Do huet een dacks Immun-Äntwerten oder allergesch Reaktiounen drop gemaach, jee nodeem wat do bäi gemëscht ginn ass.
 

Mëttlerweil huet dat sech geännert, haut ass dat ganz anescht
 
An dat ass ebe flott bei den Impfungen déi elo um Maart sinn, bei der Messenger RNA, do huet een am Fong praktesch näischt wourop d'Leit allergesch reagéieren.
 
Quecksëlwer a Sëlwer gehéieren haut der Vergaangenheet un.
 
Et ass Salz dran, et ass e bësse Waasser dran, et ass e bëssen Zocker dran e bësse Fettstoffer an natierlech déi Messenge RNA. Et ass ganz ganz seelen dass een eng Immun-Reaktioun op déi Inhaltsstoffer mécht déi de Moment gesprëtzt ginn.
 
Wat opfält ass, dass den Delai fir déi 2. Impfung vun 3 op 4 Wochen eropgesat gouf. Firwat huet een de Schrëtt gemaach?
 
Den Hiersteller gëtt vir, wéi ee säi Produit muss notzen. Deen Ee seet bei mengem ass de Rappell no 21 Deeg, bei deem Anere sinn et 27 Deeg. Wann ee weess dass een den 1. Impfstoff kritt da bereet de Kierper sech vir an et kritt een eng gewëssen Immunitéit. Déi geet dann erop a bleift op engem gewëssene Level.
 
Op deem Level bleift se méi wéi 21 Deeg et kann awer och sinn dass se e bëssen erof geet.
 
Wann een da no 40, 50 oder 60 Deeg géif impfen hätt een awer nach ëmmer eng gewëssen Immunitéit gehat an da gëtt een dee Boost an da geet d'Immunitéit nach eemol vill méi héich. Et ass also net schlëmm wann een dee genauen Dag net anhält. Do sinn eben och weider Etüde gemaach ginn. Wéi kann een dat ausdeenen. Dat huet de grousse Virdeel dass ee schonn eng gewëssen Immunitéit ënnert de Leit opbaue kann an esou evtl och liewe rette kann. An dann, well de Wierkstoff lues a lues era kënnt réischt déi 2. Dosis no 4 oder 8 Wochen ze ginn ouni dass een do eppes Schlechtes fir de Patient mécht.
 
Ee Fazit deen also zéie kann ass deen dass d'Vaccine vun haut vill besser vun de Leit verdroe ginn, wéi déi déi een nach aus senger Kandheet kennt.