Den 28. Dezember um 12:15 Auer gouf déi 1. Persoun hei am Land geimpft. Säitdeem si well eng ronn 6200 Persounen geimpft ginn. Vill oder net vill, do scheede sech d'Geeschter. Déi déi nach net wëlle geimpft ginn, arrangéiert et warscheinlech éischter wann dat Ganzt lues uleeft, anere kann et net séier genuch goen an déi gi sou lues e bëssi wibbeleg. D'Nicky Soisson wollt wësse firwat d'Impfcampagne net esou séier uleeft wéi geduecht.

22012021 Impfdag Leeft d Impfcampagne ze lues un

Dacks gëtt kritiséiert, dass déi ganz Impfcampagne e bëssi ze lues uleeft, méi lues op jiddefalls wéi dat wat ee sech erwaart hat. Och de Gesondheetsministère hat sech dat Ganzt e bëssi méi séier virgestallt wéi den Thomas Dentzer, Coordinateur Attaché à la Direction vum Gesondheetsministère bestätegt:

"Fir eis ass et och ze lues, allgemeng. Ech menge mir hätten och léiwer, dass mir haut den Owend all Mënsch geimpft wier. Dat ass ebe leider net de Fall. Dat huet awer eng ganz Rei vu Grënn. Den Haaptfacteur ass d'Disponibilitéit vum Vaccin. Wéi Dir jo wësst, sinn der elo 2 zougelooss an do kritt een nëmme ganz limitéiert Quantitéiten. Ech erënneren drun, mir waren déi 1. déi de Moderna Impfstoff kruten d'lescht Woch, do hu mer, mengen ech 1200 Dose kritt, dat ass ganz wéineg fir d'Leit ze impfen."

Dëst erkläert da scho mol zum Deel firwat dat Ganzt e bëssi schleeft. Dobäi kënnt dann awer och nach eng Logistik déi immens opwänneg ass. Déi Messenger RNA Wierkstoffer mussen effektiv ganz kal, bei -70 Grad gelagert ginn, well bei enger normaler Temperatur zerfalen se:

"Do muss ee wierklech d'Liwwerketten organiséieren, do muss een d'Centres de prélèvement organiséieren, dass een déi op där Temperatur huet, et muss een se entdeeë laut engem gewëssene Protokoll an da si se just 5 Deeg gutt oder 4 bis een déi dann och ka sprëtzen. Dat ass schonn e groussen Opwand, vill méi e groussen Opwand wéi dat wat mir kennen, wou mir bei aner Vaccinen bei den Dokter ginn an deen hëlt et aus dem Frigo a sprëtzt eis et."

Ma dat ass elo mol bei deenen 1. Impfstoffer esou. D'Hoffnung besteet awer fir déi nächst déi op de Maart komme wäerten an enger aner Method benotze wéi zum Beispill dee vun AstraZeneca. Dee Moment wäert och den Dokter se kënne a senger Praxis am Frigo lageren.

"Ech mengen awer net, dass dat elo deen Haaptlimiting Facteur hei zu Lëtzebuerg ass well et muss ee soen, dass mir jo scho säit Mee Large Scale Testing maachen an de Large Scale Testing ass am Fong näischt Weideres wei eng Preparatioun op eng grouss Impfcampagne. Do hu mer Zenteren, do hu mer Leit déi Saache maachen , do hu mer Logistik hannendrun. Ech menge mir als Lëtzebuerg sinn eigentlech ganz gutt opgestallt fir déi Erfarungen aus dem Large Scale Testing mat eriwwer ze huelen an d'Impfcampagne."

Mat den Enkpäss déi et elo well deelweis beim Liwwere vun den Impfstoffer an Europa ginn souwéi och duerch déi aner genannte Grënn kann et deemno nach e bëssi daueren éier mir hei zu Lëtzebuerg de gréissten Deel vun den Awunner geimpft wäerten hunn:

"Wann een optimistesch ass, kann ee soen mir hu jo ganz vill Impfstoff bestallt. Wann dat alles ukënnt da kéinte mir effektiv de Gros vun de Residenten geimpft hu bis d'Summervakanz. Also dat ass och eist internt Zil zumindest dass mer dann eben e groussen Deel vun de Leit geimpft hunn an dass mer besser kënnen an de Summer erakommen. Sécher wäerte mer net 100% geimpft hu well mer warscheinlech net genuch Impfstoff hunn an et wäerten och sécherlech vill Leit soen "ech well mech net impfe loossen, ech well mech méi spéit impfe loossen", déi dann net kënne geimpft ginn."

Ofzewaarde bleift dann och nach wéi laang een da mam Impfstoff schlussendlech geschützt wäert sinn. Aktuell geet ee mol dovunner aus, dass dëst fir mindestens 8 bis 12 Méint wäert de Fall sinn.

Et gi vill Quelle fir sech iwwert de Coronavirus an alles wat domadder verbonne ass ze informéieren, do wëll den Dokter Thomas Dentzer dëse Message mat op de Wee ginn:

22012021 Richteg Quelle fir sech ze informeieren (INTERNET)

Vun der Santé ass et dann och nach dee ganz waarmen Appell sech, och wann aktuell d'Infektiounszuelen erëm méi déif sinn, weiderhinn am Kader vum Large Scale Testing testen ze loossen well grad mat deenen neie Variante kënnen dës Zuelen nees rasant an d'Luucht klammen wann een net weiderhin och déi asymptomatesch Leit identifizéiert.