Mam Titel europäesch Kulturhaaptstad ginn all Joer eng oder méi Stied ausgezeechent, fir esou den internationale Ruff an déi kulturell Entwécklung vun der Stad ze stäerken. Am Joer 2021 ginn et awer Ännerungen.. D’Julie Mathes huet nogefrot wisou a wéi dës Ännerungen ausgesinn.

15/01/2020 Kulturhaaptstied 2021

Dëst Joer wär am Fong Novi Sad, Timisoara an Elefsina mam Titel Kulturhaaptstad ausgezeechent ginn. Wéi awer elo kuerzfristeg matgedeelt gouf, ass dëst net méi de Fall. 2021 sollen et nämlech elo keng nei Kulturhaaptstied ginn. Wisou dat sou ass, erkläert d’Directrice vun Esch 2022, Nancy Braun.

Bedéngt duerch déi aktuell sanitär Kris am Zesummenhang mam COVID-19, huet déi europäesch Kommissioun decidéiert den Agenda fir déi 2021 virgesinn Kulturhaaptstied nei opzestellen. Dat heescht dräi Stied si concernéiert, Novi Sad a Serbien, Elefsina a Griichenland an Timisoara a Rumänien.

Dat heescht ënner anerem dass déi betraffe Stied sech elo ëmorganiséieren fir sech op een anert Joer virzebereeden.

Deemno wäert Novi Sad zesumme mat Kaunas an ons 2022 den Titel droen an Elefsina an Timisoara mat Veszprém an Ungarn wäerten 2023 Kulturhaaptstad sinn. Ausserdeem hunn d'Kulturhaaptstied vun 2020 dat heescht Galway an Irland a Rijeka a Kroatien nach emol d'Chance kritt den Titel bis Ënn Abrëll vun dësem Joer ze droen an esou e bëssen Programm nozehuelen, esou ferm dat méiglech ass.

Mat Esch wäert d’nächst Joer och eist Land erëm eng Stad hunn déi mam Titel europäesch Kulturhaaptstad ausgezeechent gëtt. D’Ännerunge vun dësem Joer sollen Esch 2022 awer net schueden an am Géigendeel wär et esou guer eng weider Chance nieft enger drëtter Stad den Titel ze droen, esou d’Directrice vun Esch 2022.

Datt elo dräi Stied mat hire Regiounen an dräi verschiddene Länner am Fokus stinn an Europa representéieren gëtt ons all net just eng grouss Visibilitéit a Stäerkt mee iwwert dee Wee kenne mer zesummen déi europäesch Visioun an natierlech och onst gemeinsaamt Zil, dat heescht Mënschen iwwer Kultur mateneen verbannen, gemeinsam an de Virdergrond stellen. Ganz konkret elo fir de Programm ass et esou, dass mir schonn am Virfeld zesumme mat Novi Sad u gemeinsame Projeten a Programmer geschafft hunn, deemno ännert sech bei ons elo net esou vill, ausser dass muss e bëssen um Kalenner gefréckelt ginn.    

Et kann ee sech also freeën op d’nächst Joer, wou dann Kulturhaaptstied hoffentlech hire volle Programm kenne weisen an duerchzéien. Op d’Fro hin wat da fir d’Esch 2022 virgesinn ass, huet d’Directrice eis ee klénge Virgeschmaach ginn.

Et ass esou, dass mir Enn Februar wäerten eng Pressekonferenz organiséieren fir den Ausbléck ze ginn. Virun allem geet et ëm de Programm awer net nëmmen. Kulturfrënn, Naturfrënn, Grouss, Kléng, Jonk, Al, Genéisser, Genoss an alle Formen, Concerten, Ausstellungen, Aktivitéiten an alle Gemengen, souwuel um lëtzebuergeschen ewéi um franséischen Deel vun der Esch 2022 Regioun. Mir hu vill Partner am Boot, dat op lokalem an internationalem Niveau. Jee, eng ganz Rëtsch vu Projeten, déi Deel vum Programm sinn, wäerten hei virgestallt ginn, ënnerschiddlech Kategorien a Fongen wäerten ofgedeckt sinn. Deemno, ech denken einfach dir dierft gespaant sinn.