Sou bësse verwinnt ware mir dëse Wanter jo dann awer nach mam Schnéi ginn. Wat fir eis schéi Landschaften, Schlittfueren oder Schnéimännercher bedeit, ass fir wëll Déieren awer eng Erausfuerderung. Virun allem Vullen hunn sou am Wanter hir Schwieregkeete genuch ze iessen ze fannen. Dofir fiddere vill Leit déi kleng Piipserte bäi. Do ginn et awer och puer Saachen, déi ee falsch ka maachen.

21/01/2020 Vullefidderung am Wanter

Wie bei sech am Gaart en Haische mat Fudder hänken huet, kann de Wanter iwwer all Dag engem klengen Naturspektakel nokucken. Fir d'éischt héiert een si just, si päifen a sangen, da raschelt et ronderëm an den Hecken a sou bal sech déi gefiedert Gäscht sécher genuch fillen, kommen si raus, stierzen sech op d'Fudder a sinn eigentlech direkt och nees fort. 

© René Pfeiffer

D'Blomees fënnt een iwwerall am Land. Si frësst gären Insekten. Am Wanter zerwéiert si sech awer och un de Kären.

© René Pfeiffer

Grad am Wanter kënnen d'Vullen am Gaart vun e puer zousätzleche Käre profitéieren. D'Lieke Mevis schafft an der Berodung vun Natur an Ëmwelt. Wat et méi kal gëtt, wat si méi Energie brauche fir sech waarm ze halen.

Lieke Mevis: Also d'Villercher am Wanter fidderen, ass op jiddefalls eng gutt Iddi. Wëll duerch d'Wiederkonditiounen a virun allem elo am Moment am Schnéi fannen d'Villercher vill manner ze friessen an dat ass fir si da wierklech eng reell Hëllef.

Do sollt een awer op kee Fall Iessensreschter wéi gedréchent Brout prett stellen. Dat fëllt zwar de Bauch, liwwert awer keng richteg Närstoffer, déi d'Déieren an der Keelt sou néideg brauchen. Dozou kënnt, dass do vill ze vill Salz dran ass, wat virun allem déi kleng Zorte schlecht verdroen. Et ginn awer nach puer aner Saachen, op déi een oppasse sollt, wann ee Vulle wëll fidderen.

Lieke Mevis: Beispill bei der Hygiène, et ass ganz wichteg datt Fudderstell ëmmer gutt propper ass. Fir datt d'Villercher sech net géigesäiteg mat Krankheeten ustiechen. Virun allem am Wanter, wann si net vill fannen. Wann si dann op enger Platz gefiddert ginn. Kommen d'Villercher och mol vu méi wäit. Fir do friessen ze kommen. An wann sech dat dann alles mécht, ass de Risiko méi héich. Dat heescht et ass wichteg, ëmmer reegelméisseg ze kontrolléieren; wann dat Fudder propper ass, wann dat Fudder dréchen ass. Dat keen Schimmel do ass oder eben, datt kee Kacka vun de Villercher do sech ze vill mam Fudder vermëscht.

Och d'Plaz op där een d'Fudder opstellt, sollt gutt gewielt sinn. Am beschten héich ouni e liichten Accès duerch zum Beispill niddreg Äscht oder Fënsterbrieder, déi aner Déieren huele kéinten fir eropzeklammen. Net, dass d'Fudderhaischen um Enn nach onfräiwëlleg zu engem Buffet fir d'Nopeschkaz gëtt. An dann ass et och nach net egal wéi ee Fudder een hëlt.

Lieke Mevis: Wat och wichteg ass, dass een bei der Auswiel vum Fudder oppasst. Dat keng Ambrosiassom mat am Fudder an an der Fuddermëschung dran ass. Well deen dann vun de Villercher verspreet gëtt. Den Ambrosias ass eng invasiv Spezies an e groussen Nodeel ass, dass et ganz staark allergene ass. Dat heescht d'Leit, déi Allergien hunn, hunn immens staark Reaktiounen, déi den Ambrosia maachen.

© pixabay.com

Obwuel déi meeschten Zorten, déi een am Commerce esou kritt, schonn op dee Som verzichten. Verschidde Vulle friessen och ënnerschiddlech Saachen. 

© René Pfeiffer

D'Routbrëschtche frësst gäre Bieren an Insekten.

© René Pfeiffer

D'Schielmees frësst Bieren, Insekten, Som a Kären. 

Wie bis ewell ëmmer just d'Spatzen an d'Märelen do hat, hat vläicht net déi richteg Auswiel. Duerch d'Fidderung iwwerliewen méi Vullen déi kal Joreszäit an déi bréien dann och nees am Fréijoer. Grad fir méi rar Villercher ass dat e Virdeel fir den Erhalt vun der Zort. Ob een awer och nom Wanter fiddere soll, ass ëmstridden.

Lieke Mevis: Et ginn zwou Schoulen am Prinzip, déi eng soen fiddert op kee Fall. Dat ganzt Joer duerch, just am Wanter. An déi aner soen, fiddert dat hëlleft de Villercher. D'Saach ass mir verbidden elo kengem am Summer ze fidderen. Mee wat mir awer éischter als Message fannen, ass wann een en strukturräichen, aarteräiche Gaart huet. Wou d'Villercher genuch fanne fir Näschter ze bauen, fir sech ze verstoppen an ze friessen. Da brauch een si am Summer an am Fréijoer net ze fidderen. Well da fannen si genuch. An zousätzlech huet et de Virdeel datt et net nëmmen gutt ass fir d'Villercher mee och fir déi aner Aarten. Sief et Insekten, Pollisinsateuren. jo oder soss Déieren.

D'Vullefidderung hëlleft de Villercher kuerzfristeg gesinn iwwert de Wanter. Vill Hecken, Beem, ënnerschiddlech Blummen an eng liewensfrëndlech Ëmgéigend fir vill Déieren, fëllt de Villercher méi laangfristeg de Bauch. 

© René Pfeiffer

Villercher wéi d'Gro Mees brauchen en ofwiesslungsräiche Liewensraum aus Hecken, morsche Bamstämm, Fiichtgebidder a Bëscher.

An net just kucken, mee och ziele kann een de leschte Weekend am Januar. Do organiséiert Natur an Ëmwelt eng Wantervullenzielung fir Informatiounen iwwert déi verschidde Vullepopulatiounen ze sammelen. Méi Informatiounen dozou fannt dir um Site vun der Organisatioun: