Wéi ass d'Joer 2020 aus der Siicht vum Passbüro verlaf? Wéi vill Päss goufen ausgestallt a wéi vill manner sinn dat der par rapport zu de Joren virdrun? Mir hu bei de Responsabele vum Passbüro nogefrot a kruten Äntwerten.

Wéi vill Päss goufen 2020 zu Lëtzebuerg gemat?

Am Laf vum Joer 2020 hu se am Passbüro 24838 Päss an 1196 aner Reesdokumenter produzéiert, also en Total vun 26034 Dokumenter. Dat ass vill manner wéi déi Joren virdrun. Si leien do bei 56,6 % vun der Produktioun vun 2019.

Am Januar a Februar goufen nach all Kéiers iwwer 4400 Dokumenter produzéiert, am Abrëll 2020 leie si bei ganzer 34 Päss déi gemaach goufen. Duerno zitt et dann nees un mat bal 3000 Dokumenter am Juni, mee vum Hierscht un geet dat nees em d’Halschent erof.
 
Muss een iwwerhaapt e Pass hunn? D'Äntwert ass Nee! De Pass ass e Reesdokument a keen Identitéitsdokument, och wann en deen Zweck kann erfëllen. Am Géigesaz zur Identitéitskaart ass et net obligatoresch fir als lëtzebuerger Resident zu Lëtzebuerg e Pass ze hunn. Och d’Lëtzebuerger am Ausland musse kee Pass hu wa se sech am Schengen-Raum ophaaen, well do eng Identitéitskaart duergeet an een déi jo och well als Net-Résident ka kréien iwwert de Guichet an der Ënneschtgaass op Rendez-vous oder iwwer eis Ambassaden a Konsulater.

Wien a Groussbritannien wëll reesen: Fir den Ament geet eng gülteg Carte d’identité duer, mee vum 1. Oktober 2021 un muss een e gültege Pass hunn fir a Groussbritannien kënnen anzereesen.
 
Allgemeng Informatiounen fir e Pass maachen ze loossen fënnt een dem Passbüro no op Guichet.lu

Passdemanden fir Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen kënnen op de respektive Gemengen gemaach ginn. Do soll een sech am beschten am viraus informéieren op een e Rendez-vous muss ofmaachen. Et kann een natierlech och seng Demande um Passbüro maachen, mee vue dass aktuell hir Salle d’attente ënnert den aktuelle Restrictiounen nëmmen 3 Leit gläichzäiteg kann ophuelen gëtt recommandéiert, e Rendez-vous am viraus ze huelen. Dat dann och iwwer Guichet.lu.

Wann et mol ganz dréngend gëtt, kann een natierlech och eng Demande fir e Pass an enger "Procédure d’urgence" maachen, mee do kënnt dann e Supplément vun 200 % dobäi, sou dass z.B. de normale Pass vun 50.- € der dann 150.- kascht. Et soll een sech also mat Zäiten vergewësseren dass een nach e gültege Pass huet an dass dësen och nach laang genuch gülteg ass. Vill Länner verlaangen z.B. dass de Pass nach X Méint nom geplangte Séjour muss gülteg sinn.

Do géifen et dann och all Joers Leit ginn déi dat net woussten a vum Findel aus bei si an de Passbüro kommen well d’Famill ouni si an d’Vakanz geflunn ass an si da probéieren sou séier wéi méiglech en neie Pass ze kréien fir dann nozefléien.

An engem "normale" Joer ginn et 2 Pic’en vun der Produktioun – eemol an den éischten Méint vum Joer, wann d’Leit hir Rees buchen an eemol vu Mëtt Juni bis Mëtt August wann se dann effektiv wëlle reesen a mierken dass se en neie Pass brauchen.

Mee aktuell well vill Leit nach ofwaarden fir ze kucken wat am Summer méiglech ass a punkto reesen wäert sech deene Responsabelen no dee Pic vun ufanks des Joers no hannen verréckelen an da géif ee riskéieren, dass am zweeten Trimester effektiv e grousse Rush kënnt.

Mä nach weess ee jo net wat fir eng sanitär Restriktiounen mir wäerten hunn, respektiv wéi vill Normalitéit dann nees ass, kann een nëmmen de Leit roden mat Zäiten hire Pass ze kontrolléieren an eventuell elo schonn drun ze denken hir Gemeng oder de Passbüro ze kontaktéieren fir e Rendez-vous ofzemaachen. Well wann dann dee Rush sollt kommen am Fréijoer a Summer, da ginn d'Délaien fir e Rendez-vous natierlech och méi laang an da kann et mol enk ginn mat der Zäit fir de Pass nach pünktlech ze kréien ier ee wëll fortfueren. An dorunner soll et jo awer wierklech net leien.