D'Impfunge géint de Corona-Virus sinn zu Lëtzebuerg ukomm. Och wann nëmme lues geimpft gëtt, sou geet et awer virun. Eng Rei Leit stinn der Impfung skeptesch géintiwwer a wëssen net wierklech wat duerch déi Impfung am Kierper geschitt. Den Dokter Thomas Dentzer huet sech vill Zäit geholl fir op eis Froen ze äntweren.

22012021 Impfdag Wat geschitt beim Impfen

Lëtzebuerg huet seng Impfstrategie esouwäit stoen. Déi éischt Leit goufen ugeschriwwen an éischt Patiente sinn och scho geimpft. Wat vill Leit interesséiert ass, wat geschitt am Kierper wann ee geimpft gëtt? Dat huet eis den Dokter Thomas Dentzer, Coordinateur attaché à la Direction beim Gesondheetsministère verroden.
 
"Geimpft" heescht am Fong dass ee säi Kierper drop virbereet op eng spéider Infektioun mam Erreeger. Ech weisen dem Immunsystem eng Kéier wéi dat ausgesäit, wéi elo de Coronavirus ausgesäit oder wéi Stécker wéi vun deem Viraus ausgesinn an da kann de Kierper sech dat mierken. Hien produzéiert schonn Antikierper dogéint, also Stoffen déi dogéint kämpfen an dann ass hie bereet wann de Virus da kënnt. De Kierper erkennt en dann a da seet sech: "ah dat ass de Coronavirus, elo kann ech géint dee kämpfen" an en huet scho seng Arméi zesumme gesammelt.
 
Bei den Impfunge ginn et verschidden Typpen. Do héiert een dacks Wieder wéi Messenger RNA. Wat genau geschitt am Kierper? Do gëtt mat Fetter geschafft. Wat genee seet de Vaccin der Kierperzell?
 
De Messenger RNA Virus deen elo schonn eng ganz Rei Leit geimpft kruten, deen ass un Fetter gebonnen. Wa mer deen da sprëtzen da geet en an d'Zell eran do duerch déi Fetter geet e gutt an Zell eran. Dann ass an der Zell déi Messenger RNA present. Eng Zell ass do eigentlech net ganz schlau awer wa si eng Messenger RNA gesäit da weess Zell dass se do eppes baue muss an da setzt si sech dorop fest an da produzéiert si Eewäisser. Déi Eewäisser ginn dann aus der Zell erausgeschleist an esou gesäit de Kierper dat do Eewäisser sinn déi net seng sinn an e kann eng Immunäntwert dorop opbauen. Dat ass beim Messenger RNA de Fall an och bei aneren Impfstoffen de Fall.
 
Et héiert een ëmmer erëm dobaussen dass gesot gëtt dass dësen Impfstoff eis DNA verännere kéint. Wat ass do dodrun?
 
Déi Messenger RNA ka sech net eis DNA integréieren. Éischtens ass eis DNA am Zellkär, do ass nach eng schéi Barrière ronderëm an zweetens ginn et keng Enzymer an der Zell déi sou disponibel sinn, dass déi RNA sech an DNA ëmwandelt a sech integréiert, net esou wéi bei Retro-Viren oder H.I.V wou d'Leit ebe kennen.
 

Éischt Etüden déi erauskomm sinn, weisen dass de Virus een zwar selwer schützt et gëtt een also net méi krank, ma et kann een awer nach ëmmer anerer ustiechen. Firwat ass dat esou?
 
De Vaccin huet am Fong näischt, wat verhënnert dat de richtege Virus wann e kënnt sech undocke kann an Zell ka ragoen. Dat heescht e replikéiert sech, mä dee Moment wou de Virus aus der Zell eraus gelooss gëtt, dann ass den Immunsystem do a bekämpft de Virus an hält Viruslaascht relativ kleng an en hält de Virus dovun sech nach méi ze vermehre wann en ausserhalb der Zell ass. Ma de Virus kann nach ëmmer an d'Zell erakommen. Dat ass am Fong trügeresch well ech ginn zwar dann net krank ma kann nach ëmmer aner Leit ustiechen an dat ass elo dat wat deen hei Coronavirus laang weist verschidde Leit gi schwéier krank a stierwen aner Leit mierke mol näischt vum Virus an dat wäert am Fong bäigehale ginn. Mä wann Leit net méi krank ginn, net méi an Klinik muss an net méi stierwen dann hu mer natierlech scho vill erreecht.

Hei ass nach e weideren Extrait aus dem Interview mam Dr Thomas Dentzer:

22012021 2 wichteg Message vum Thomas Dentzer (INTERNET)